D'Virginiden, genannt no der Konstellatioun Virgo, sinn e Meteorstroum deen am Mäerz an Abrëll optrëtt an deem seng Meteoritte schéngen aus dem Stärebild Virgo ze kommen.

Kaart vum Stärebild Virgo (Jongfra). Déi rout gestréchelt Linn stellt d'Ekliptik duer.

Am Géigesaz zu de meeschten anere Stäreschnäizerschwäerm ass déi bescht Observatiounszäit vun de Virginiden net um Muereshimmel, mä scho géint Hallefnuecht, wann d'Stärebild bal am Süde steet.

De Radiant vun de vum 1. Mäerz bis 15. Abrëll aktive Virginiden (no eelere Quellen vun Ufank Mäerz bis Ufank Mee) läit zimmlech no beim helle Stär Spica bei den Himmelskoordinaten 200° / -5°.

D'maximal Zuel, déi sougenannt ZHR vun de Sternschnäizen déi relativ lues fléien (22 bis 25 km/s), ass Ufanks Abrëll ongeféier 5 pro Stonn, gëtt awer an eisen ze wäiten nërdleche Breeten net ganz erreecht. De Maximum ass ganz flaach, well d'Stäreschnäizen zum ekliptikalen Typ gehéieren, also relativ wäit um Äerdbunnplang verstreet sinn.

Eng schwaach Ënnergrupp vum Schwaarm, déi een nëmme kuerz observéiere kann, d'Northern March Virginids, trieden nëmmen e puer Deeg, vu Mëtt Mäerz un, op.[1].

Een anere Schwaarm war 2011 däitlech ze gesinn, nämlech vum 22. bis 25. Abrëll am ëstleche Beräich vum Stärebild. Den amerikanesche Meteorfuerscher Robert Lunsford[2] huet se h-Virginiden genannt.

Literatur

änneren
  • Cuno Hoffmeister: Meteorströme. Joh. Ambr. Barth Verlag, Leipzig 1948.
  • Kosmos-Datentabelle in: Welcher Stern ist das. (= Kosmos-Naturführer.) Franckh, Stuttgart 1958

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Robert Lunsford: 2013 Meteor Shower List.
  2. Robert Lunsford: 2011 Meteor Shower List. American Meteor Society.