D'Batte ass eng kleng Baach am Süde vun der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Se huet hir Quell nërdlech vu Battincourt am Brandiesbësch op enger Héicht vu ronn 310 Meter. Vu do leeft se no Süden a fiddert no enger kuerzer Streck d'Weieren déi hiren Numm droen, fir da weider duerch Battincourt ze lafen an e puer honnert Meter duerno no Westen an Direktioun Musson ze dréinen. Nodeem se ënner der Nationale 88 erduerch ass leeft praktescht parallel mat där duerch Musson a Baranzy fir dann op der franséischer Grenz, nieft der Eisebunnsstreck Athus-Virton an d'Vire ze lafen.

Se ass ronn 11 km laang an huet just e puer kleng ondedeitend Niewebaachen, vun deenen déi gréisst de Ruisseau de Cussigny ass.