D'Villa Gillard war en herrschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch um Eck vum Boulevard Royal mam Eecher Bierg.

Déi franséisch Ambassade an der Villa Gillard (ëm 1900)

Op der Plaz wou virdun en ëffentleche Gaart, de sougenannte jardin creux war, hat d'Marie Collart, Wittfra vum Industrielle Charles Eugène Gillard, am Joer 1883 eng Villa baue gelooss.

D'Marie Collart huet 1887 hire Schwoer, de Baron Charles Jacquinot, bestuet an d'Villa verkaaft. An der Villa war dunn déi franséisch Ambassade[1] ier d'BIL Proprietär vum Gebai gouf an d'Villa als Déngschtwunneng fir den Direkter gebraucht gouf.

D'Villa ass 1962 ofgerappt gi fir de Siège vun der Bank, deen niewendru war, no de Pläng vum Nicolas Schmit-Noesen ze vergréisseren.

1998 huet d'Zentralbank déi ganz Terraine kaaft an d'Gebai renovéiere gelooss. Dat neit Gebai dat vum „Bureau Architecture & Urbnanisme 21 Worré et Schiltz“ ëmgebaut gouf, dréit haut den Numm vum Pierre Werner.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. D'Industrien vun der Famill Collart op industrie.lu - Die Industriegeschichte Luxemburgs, fir d'lescht gekuckt de 25. Dezember 2014