Charles Jacquinot (Industriellen)
Industriellen
De Charles Jacquinot, gebuer den 10. Mee 1849 zu Metz, a gestuerwen de 26. Mäerz 1904[1] zu Beetebuerg[2], war en Industriellen.
Charles Jacquinot | |
---|---|
Gebuer |
10. Mee 1849 Metz |
Gestuerwen |
26. Mäerz 1904 Beetebuerg |
Aktivitéit | Industriellen |
Hie war de Matgrënner a Bedreiwer vun enger Zillebäckerei zu Beetebuerg, der Kommanditgesellschaft Dampfziegelei Bettemburg - Briqueterie de Bettembourg Jacquinot & Cie, déi bis 1969 aktiv war.
De Charles Jacquinot huet sech 1887 mat der Marie Collart bestuet.
Säi Bouf Auguste huet no sengem Doud, 1904, d'Firma iwwerholl.
Fir un hien z'erënneren, gouf zu Beetebuerg eng Strooss souwéi de Park no him genannt.[3]
Referenzen
änneren- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Jacquinot. industrie.lu (nogekuckt: 26.09.2024)
- ↑ (fr)Genealogie vum Charles Jacquinot. Geneanet. Gekuckt de(n) 26-09-2024.
- ↑ L-3241