D'Verbindung Nord-Midi (Linn 0) ass eng deelweis ënnerierdesch Eisebunnsverbindung am Zentrum vu Bréissel. Si verbënnt d'Gare du Nord mat der Gare du Midi. Si huet 6 Gleiser, déi nëmme vu Persounenzich befuer ginn.

Verbindung Nord-Midi
Linnennummer 0
Bedreiwer SNCB
Technesch Donnéeën
Längt 3,8 km
Spuerbreet Normalspuer
Vitesslimitatioun 50 km/h


Mat 1.200 Zich am Dag ass et déi meescht befueren Eisebunnslinn an Europa.

Hir Halte sinn:

  • D'Gare Bréissel-Central
  • D'Halt vu Bruxelles-Chapelle
  • D'Halt vu Bruxelles-Congrès. An deem Gebai stinn och d'Maschinne fir Loft aus dem Tunnel ze zéien.

Si war scho virum Éischte Weltkrich geplangt, gouf awer eréischt 1952 fäerdeg, an de Kinnek Baudouin huet se de 5. Oktober dat Joer opgemaach.

Urbanistesches änneren

Den Tracé vun der Gare geet queesch duerch d'historesch Alstad vu Bréissel. Honnerte vun Haiser sinn ofgerappt ginn, fir kënnen den Tunnel ze bauen; an d'Plaz koume breet Boulevarden an administrativ Gebaier. Eréischt zanter den 1990er Jore gëtt dru geschafft, fir d'Zirkulatioun vun de Foussgänger tëscht der sou an zwee gedeelter Uewer- an Ënnerstad nees méi flësseg ze maachen.

D'Gare am Film änneren