D'Gare Bruxelles-Central, respektiv Brussel-Centraal ass eng SNCB/NMBS-Gare matzen a Bréissel. Si läit op der Nord-Süd-Verbindung (6 Spueren), an ass, mat duerchschnëttlech 140.000 Reesender am Dag, wiertes alt bis zu 400.000 (déi op 1150 Zich verdeelt sinn), déi belsch Gare mat dem héchste Passagéieropkommen.

Haaptentrée

Si gouf vum Architekt Victor Horta entworf; dësen ass awer gestuerwen, éier se fäerdeg gebaut war, an de Maxime Brunfaut huet d'Aarbechten 1952 ofgeschloss. D'Quaië sinn ënnerierdesch, wéi och d'Gleisen, soudatt ee vu baussen, ausser virun der Haaptentrée, kaum an uecht hëlt, datt hei do Gare ass.

D'Gare huet en Uschloss mat der Metroslinn 1 a 5, hei heescht se Gare Centrale, resp. Centraalstation.

Um Spaweck änneren

Commons: Brussels Central station – Biller, Videoen oder Audiodateien