Den Heinrich III., gebuer den 28. Oktober 1016 oder 1017, a gestuerwen de 5. Oktober 1056 zu Bodfeld, am Harz, aus der Famill vun de Salier, war vun 1039 bis zu sengem Doud 1056 Kinnek an zanter 1046 Keeser vum réimesch-däitsche Räich.

Heinrich III.
Titelen
Herzog vu Bayern (fir d'zweet)
Biographie
Gebuer 28. Oktober 1016 jul.
Bayern
Gestuerwen 5. Oktober 1056
Bodfeld
Bestuet mat Gunhild vun Dänemark,
Agnes vu Poitiers
Papp Konrad II.
Mamm Gisela vu Schwoben
Geschwëster Matill vu Franken, Ernest II., Liudolf, Hermann IV.
Kanner Beatrix I., Adelheid II., Heinrich IV., Konrad II., Judith vun Ungarn, Matill vu Schwoben

Hie gouf schonn als Kand vu sengem Papp Konrad II. 1028 zum Matkinnek ernannt a krut d'Herzogtümer Bayern a Schwoben. Wéi hien nom Doud vu sengem Papp Kinnek gouf, huet hien deem seng Politik virugefouert. Wärend dem Heinrich senger Régence gouf de Speyerer Doum zum deemools gréisste Sakralbau vum westleche Chrëschtentum ausgebaut. Am Dezember 1046 huet hien op der Synod vu Sutri de Poopstschisma op en Enn bruecht a gouf duerno vum Poopst Clemens II. op Chrëschtdag zum réimesche Keeser gekréint.

Kanner änneren

Biller änneren