Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Sand als Gestengspartikel. Fir aner Bedeitunge vu "Sand", kuckt wgl. Sand (Homonymie).

Sand ass sedimentärt Gestengs, dat duerch Erosioun a kleng Grimmelen zerriwe gouf, déi tëscht 0,063 an 2 mm Duerchmiesser hunn. Eng eenzel Sandparticule gëtt Sandkär genannt.

Sanddünen am Death Valley a Kalifornien.
Sand

D'Densitéit vun der Mass vun dréchenem Sand variéiert jee no Granulometrie an Zesummesetzung, tëscht 1,7 bis 1,9 kg pro Liter.

Sand gëtt duerch Waasser a Loft transportéiert a sammelt sech dofir op bestëmmte Plazen un, z. B., fir Plagen oder Dünen ze bilden. E staarke Wand, dee mat Sandkären ugeräichert ass, gëtt Sandstuerm genannt. Jee no der Originn huet Sand verschidde Faarwen, vu bal wäiss iwwer Giel-, Ocker- a Brongtéin bis hin zu bal schwaarz.