Chordophon
![]() |
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
E Chordophon, oder Säiteninstrument, ass e Museksinstrument bei deem den Toun duerch d'Vibréiere vun enger Säit entsteet. Meeschtens gëtt d'Vibratioun op e Resonanzkierper iwwerdroen, dee se méi haart mécht. D'Säite bestinn aus Planzefaseren, Hoer, Seid, Seenen, Däerm, Metall oder Plastik. D'Chordophone kënnen no der Spillweis klasséiert ginn:
- Sträiche mat engem Bou z. B. Gei oder engem Rad z. B. Dullemajik
- Zupfe mat de Fangeren z. B. Gittar, Harf oder engem Mechanissem z. B. Cembalo
- Schloe mat engem haarde Bengel z. B. Hackbriet oder Plektrum z. B. Mandolin, oder engem Himmerchen z. B. Piano
- Matkléngen (Aliquotsäiten)
Zupfinstrumenter | Sträichinstrumenter | Anerer wou d'Säiten ugeschloe ginn |
Anerer wou d'Säiten ugeblose ginn | |||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
mat Grëffbriet | ouni Grëffbriet | mat Klaviatur | mat engem Bou | mat engem Rad | mat engem Hackbriet | mat Klaviatur | vum Wand | mam Mond |
Gittar, E-Bass, Laut, Mandolin, Banjo, Balalaika, Zither, Ukulele |
Harf, Lyra | Cembalo | Gei, Braatsch, Violoncello, Kontrabass, Gambe, Psalterium |
Léier, Dullemajik | Hackbriet | Piano, Clavichord | Aeolsharf | Goura |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Sträichinstrumenter – Biller, Videoen oder Audiodateien |