Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

En Atoll ass eng Koralleninsel an den tropesche Mierer, déi meeschtens aleng am Mier läit, an déi gewéinlech e Rank ëm eng Waasserfläch bilt, déi Lagun genannt gëtt.

Satellittebild vum Marakei-Atoll
Animatioun déi weist wéi en Atoll entsteet

Den Deel vun der Insel, deen aus dem Waasser eraussteet, ass net ganz héich an en huet eng liicht Pente zur Säit vun der Lagun, där hir Déift bei de gréissten Atolle bei ëm déi honnert Meter läit. Op der Säit vum Mier fält d'Küst dogéint abrupt an d'Déift. Atolle fënnt een a waarme Mierer mat Waassertemperature vu 25 bis 30 Grad Celsius, op net ze déiwe Plaze mat klorem relativ staark salzhaltegem Waasser an op fielsegem Ënnergrond. Dat kënnt dohier, datt d'Korallen nëmmen ënner deene Konditioune liewe kënnen.

Enger Theorie vum Darwin no géifen Atolle sech besonnesch op Vulkaninselen, déi am Gaang sinn ënnerzegoen, installéieren. D'Koralle géife fir d'éischt e Sam- oder Bandriff maachen, aus deem dann e Barrièreriff géif ginn a schliisslech en Atoll, wann d'Insel ganz ënnergaangen ass.

Flora a Fauna änneren

Als Planze fënnt een haaptsächlech Kokospalmen, Mangroven, Hibiskusstraich a Schrauwebeem. Als Déiere fënnt een de Palmendéif an de Landeinsiidlerkriibs.

Um Spaweck änneren

Commons: Atoll – Biller, Videoen oder Audiodateien