Haaptmenü opmaachen

Tunnel ënner dem Äermelkanal

Den Tunnel ënner der Manche (oder dem Äermelkanal; op Englesch Channel Tunnel oder Chunnel) ass e ronn 50,5 km langen Eisebunnstunnel dee Frankräich mat England verbënnt. Seng Teminale mat de Verluedeplattforme sinn zu Cheriton bei Folkestone an der Grofschaft Kent an England an zu Coquelles no bei Calais a Frankräich. Dee laang geplangten an deiere Projet gouf schliisslech, no en etlech feelgeschloene Versich, 1994 vollstänneg realiséiert.

Tunnel ënner dem Äermelkanal
TGV TMST 3011-2 - Sortie Tunnel sous la Manche à Coquelles.jpg
D'Sortie vum Tunnel zu Coquelles
Typ Eisebunnstunnel
Eisebunnstreck High Speed 1
LGV Nord
Shuttle Service
Féiert ënner/duerch Äermelkanal
Proprietär Getlink
Technesch Donnéeën
Längt 50,500 km
(38 km ënner Waasser)
Déift 40 m ënner Mierfong
Réier 2 Haaptréier (Ø = 7,6 m)
1 Servicerouer (Ø = 4,8 m)
Kapp 1
Koordinaten
51° 05’ 49.15’’ N
01° 09’ 21.04’’ O
Gare Kapp 1 GBRGBR Cheriton (Navettëgare)
Kapp 2
Koordinaten
50° 55’ 22.06’’ N
01° 46’ 49.48’’ O
Gare Kapp 2 FRAFRA Coquelles (Navettëgare)
Bau
Baukäschten 15 Mrd. Euro
Bauzäit 15.12.1987 - 20.06.1993
Opgemaach fir de Verkéier 1. Juni 1994 (Fret)
14. Nov. 1994 (P)
Aweiung 6. Mee 1994
Geographie
Land Flag of France.svg Frankräich
Flag of the United Kingdom.svg Vereenegt Kinnekräich
Uertschaften FRAFRA Sangatte
FRAFRA Peuplingues


Tracé vum Eurotunnel
Coupe vum Tunnel
(A)= Haapttunnellen (B)= Servicetunnel
(C)=Evakuatiounsréier
(D)= Loftdekompressiounsréier
Eurotunnel-Navettegare zu Dover

E gëtt e vu Getlink bedriwwen.

Den Tunnelbau gouf méiglech nodeems den 12. Februar 1986 zu Canterbury e Vertrag ënnerschriwwe gouf an deem festgehale gouf datt den Tunnel sollt vun enger Privatgesellschaft gebaut ginn, an ouni finanziell Hëllef vum britteschen oder franséische Staat. D'Ratifikatiounsdokumenter vun den zwee Länner goufen den 29. Juli 1987 vum François Mitterrand a vun der Margaret Thatcher zu Paräis ausgetosch an d'Gesellschaft TransManche Link, déi aus 10 Entreprisen (5 franséisch a 5 brittesch) bestanen huet, krut den Optrag fir ze bauen. Déi zwéi Staaten haten allerdéngs iwwer eng intergouvernemental Kommissioun d'Supervisioun, besonnesch a militäreschen Aspekter a wat d'Betribsécherheet an den Ëmweltschutz ugaangen ass. E ganze Koup Parameteren aus deene Beräicher hu misse mat a Betruecht gezu ginn, wéi z. B. d'Méiglechkeete vun engem Brand a seng Kosequenzen, oder Attentater.

Fir déi 2 Haaptreier an de Servicerouer hu missen am Ganzen 152 km Tunnelle gebaut ginn. Dozou koumen nach d'Evakuatiounstunnelen déi all 375 m gebaut goufen an all 250 m Loftdekompressiounsréier. D'Bueraarbechte goufe mat groussen Tunnelbuerer gemaach, déi vun den 2 Säiten aus geschafft hunn. Déi Maschinnen hunn net nëmmen d'Lächer gebuert, mä och direkt nom Bueren, déi aus arméiertem Bëtong prefabrizéiert Verwëllefer agesat. D'Buerfront war a Frankräich zu Sangatte wou e risege Pëtz mat engem Duerchmisser vu ronn 50 Meter ugeluecht gouf an op der englescher Säit war se zu Shakespeare Cliff wou den Accès iwwer eng Ramp gemaach gouf a wou all Rouer iwwer en eegene Pëtz am Bierg ugebuert gouf. D'Ofraummaterial op der englescher Säit (4,9 Millioune Kallekmergel) gouf op der Küst viru Schakespeare Cliff als Lagunematerial am Mier opgetippt, wouraus spéider den Samphire Hoe Country Park entstanen ass. D'Fransousen hunn den Ofraum entsuergt andeems se ronn e Kilometer südwestlech vum Pëtz eng 40 Hektar grouss a 35 Meter héich kënschtlech Kopp mat engem Weier an der Mëtt ugeluecht hunn. D'Ofraummaterial vun der franséischer Säit gouf am Pëtz zu Sangatte zerklengert a mat Wasser vermëscht an duerno op den Tipp um Lieu-dit Fond-Pignon gepompelt, wou de Bulli sech da vum selwen ofgesat huet[1].


Wéi et 1987 mam Chantier lassgoung, gouf mat engem Budget vu 4,7 Milliarde gerechent. Bis d'Aweiung, de 6. Mee 1994, waren d'Käschte bis op 8,8 Milliarde ₤ (= 12 Milliarden ) eropgaangen.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. https://www.senat.fr/questions/base/1990/qSEQ901112597.html Parlamentaresch Fro iwwer den Traitement des terres et des craies provenant du creusement du tunnel sous la Manche