Jacques Cassini

franséischen Astronom a Geodet

De Jacques Cassini gebuer den 18. Februar 1677 zu Paräis, gestuerwen de 16. Abrëll 1756 zu Thury bei Clermont; och Cassini II genannt, war e franséischen Astronom a Geodet, de sech ënner anerem mat der Äerdfigur befaasst huet.

Jacques Cassini
Gebuer 8. Februar 1677 jul.
Paräis
Gestuerwen 18. Abrëll 1756
Thury-sous-Clermont
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Astronom, Geograph
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Preisesch Wëssenschaftsakademie
Famill
Papp Giovanni Domenico Cassini
Kanner César-François Cassini de Thury

De Jacques Cassini ass de Jong vum Jean-Dominique (it: Giovanni Domenico) Cassini, dem Direkter vum Paräisser Observatoire. Hie studéiert am College Mazarin zu Paräis, dat hien am Alter vu 14 oder 15 Joer mat enger Aarbecht iwwer d'Optik verléisst.

Am Joer 1694 gouf hie bei der Académie des sciences zougelooss, an ëm 1698 bei engem Openthalt an England an d'Royal Society of London opgeholl.

Unhand vun de Meridian- respektiv Gradmiessungen, déi hie 1700 zesumme mat sengem Papp a Frankräich gemaach hat, stellt hien d'Hypothese op, datt de Polradius vun der Äerd méi grouss wéi den Äquatorradius wier, datt d'Äerd also wéi en Ee misst ausgesinn. Am Géigesaz zu him vertrieden déi englesch Astronomen ënner der Leedung vum Isaac Newton d'Usiicht, datt d'Äerd op de Polen ofgeplattt wier, well d'Äerdrotatioun eng Zentrifugalkraaft bewierke misst. Fir deemools awer eng vun deenen zwou Theese widderleeën ze kënnen, waren d'Gradmiessungen nach ze ongenee.

Vu 1709 un, wéi d'Séikraaft vu sengem Papp ofgeholl huet, huet de Jacques ëmmer méi d'Aufgaben am Observatoire zu Paräis iwwerholl.

Hien huet weider 1718 a 1733 Vermiessungen a Frankräich gemaach a bei der leschter ass hie vu sengem Jong, César-François ënnerstëtzt ginn. D'Miessungen hunn nees d'Eeform-Theese vun der Äerd gestëtzt, déi gouf awer ugezweiwelt, well nei Miessunge vum Pierre Bouguer a Charles Marie de la Condamine 1735 am Peru a vum Pierre de Maupertuis 1736 a Lappland d'Thees vun der Ofplattung op de Polen ënnerstëtzt hunn.

De Cassini huet der Astronomie wäertvoll Impulser ginn, duerch seng exakt Tabellen iwwer d'Sonn, den Äerdmound, d'Planéiten an d'Mounde vum Jupiter a vum Saturn, souwéi duerch Miessunge vun der Eegebeweegung vu Fixstären.

De Jacques Cassini ass de 16. Abrëll 1756 un de Follge vun engem Accident gestuerwen, bei deem sech den Dag virdru seng Kutsch iwwerschloen hat.

Den Asteroid (24102) Jacquescassini ass no him benannt ginn.

Säin Nofollger als Direkter vum Observatoire gouf säi Jong César-François Cassini de Thury.

Wierker änneren

  • Cassini, Marsdäischtert duerch den Äerdmound, gesinn am Paräisser Observatoire Beobachtung, den 18te Januar, 1726. In: Kinneklech Akademie vun de Wëssenschaften zu Paräis, physesch Ofhandlungen. Band 7, 1751. Korn (Hrsg.), S. 660–661, ([1])
  • Éléments d'astronomie, 1740
  • De la grandeur et figure de la terre, 1720