Jean Baptiste Joseph Delambre

De Jean-Baptiste Joseph Delambre gebuer den 19. September 1749 zu Amiens a gestuerwen den 19. August 1822 zu Paräis war e franzéiseschen Astronom.

Jean Baptiste Joseph Delambre
Gebuer 19. September 1749
Amiens
Gestuerwen 19. August 1822
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Observatoire,
Collège de France
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Historiker, Professer
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie des sciences, American Academy of Arts and Sciences, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Accademia delle Scienze di Torino

Zesumme mam Pierre Méchain huet den Delambre an de Jore 1792 an 1798 d'Distanz tëscht Dunkerque a Barcelona vermooss. D'Resultat huet als Basis fir d'Definitioun vum Meter gedéngt. Den Delambre hat den nërdlechen Deel vun der Miessung iwwerholl (kuckt Gradmiessung).

Hien ass mat sengem Numm um Eiffeltuerm zu Paräis veréiwegt, kuckt och: 72 Nimm um Eiffeltuerm.

Literatur änneren

  • Ken Alder: Das Maß der Welt. Die Suche nach dem Urmeter. München 2003

Um Spaweck änneren