Eng Transborderbréck ass eng Bréck déi aus zwéin Deeler besteet, an zwar d'Bréck am Fachwierkbau mat engem Tablier, mat drënner enger Gondel de sougenannten Transborder deen a Seeler hänkt. Den Tablier an d'Drodunn déi als Hänkbréck als Schréiseelbréck oder a Cantileverbauweis ausgefouert kënne sinn, hunn an de meeschte Fäll nëmmen als Missioun d'Schinnen ze droen op deenen d'Rolle lafe mat deenen den Transborder hin an hier beweegt gëtt.

Prinzip vum Fonctionnement

Sou Transborderbrécke goufen op Plazen opgeriicht, wou wéinst dem Schëffsverkéier d'Bréck eng fräi Héicht huet missen hunn déi der Héicht vun de Maste vun de Seegelschëffer entsprach huet. D'Iddi vun den Tranborderbrécke koum vun de Seelbunnen hier, a waren eng Kombination vun enger Standbunn op enger Breck mat ënnendrënner enger grousser Plattform fir den Transport vu Persounen a Ween oder Kutschen.

Bis op eng Ausnam stoungen déi Brécke fräi an der Landschaft, a just d'Bréck vu Rendsburg war un d'Verkéiersnetz ugebonnen an huet dozou nach den Déngscht als Eisebunnsbréck gemaach.

Déi éischt gouf 1893 a Spuenien opgeriicht an am Ganze goufen op der Welt 20 där Brécke gebaut, eng gouf ni fäerdeggebaut, an eng aner gouf zweemol op verschiddene Plazen opgeriicht.

D'Erfinder vun der Bréck

änneren

Wien den eigentlechen Erfinder ass, ass hautdesdaags net méi mat Sécherheet festzestellen, dat och well d'Transborderbéck eng Applikatioun vun der Seelbunn ass. Wann och de Spuenier Alberto de Palacio 1893 déi éischt Transborderbréck bei Bilbao opgeriicht huet sou schéngt et awer wéi wann et e gemeinsame Projet vum him an dem Fransous Ferdinand Arnodin war. Fest steet op jiddwer Fall datt de Palacio de 5. November 1887 bei der Regierung zu Bilbao eng Demande fir d'Patent vun enger Transborderbréck ofginn huet, an datt den Arnodin de selwechten Dag ëm déi selwecht Zäit sou e Patent zu Paräis ugemellt huet.

Ausserdeem si Pläng bekannt déi den Amerikaner J.W. Morse 1869 gemaach hat fir iwwer den East River en Transborder ze bauen [1], souwéi vum Charles Smith vun 1872 fir en Transborder zu Middlesbrough iwwer de Floss Tees opzeriichten. Déi Konstruktioun gouf eréischt 1911 realiséiert.

D'Pläng vum Arnodin a vum Palacio déi souguer an de klengsten Detailer komplett identesch sinn, loossen drop schléissen, datt déi Zwéi sech ofgeschwat haten éier se hir Patenter ugemellt hunn. Am Abrëll 1888 huet de Arnodin dem Conseil général de la Charente-Inférieur seng Pläng fir en Transborder virgeluecht an de selwechte Mount huet de Palacio seng fir d'Bréck vu Portugalete bei Bilbao ofginn. Den Arnodin krut keen Accord awer de Palacio krut den 12. Februar 1890 gréng Luucht fir säin Transborder opzeriichten, wat den éischte vun där Zort war, deen op der Welt gebaut gouf.


Joer Numm Plaz Ausser Déngscht Ofgerappt Bemierkungen
1893 Puente de Vizcaya   Portugalete - Las Arenas An Déngscht
1898 Transborderbréck vu Bizerte   Bizerte 1903 1903 Zu Brest erëm opgeriicht
1899 Transborderbréck vu Rouen   Rouen Juni 1940 Enn 1940  
1900 Transborderbréck vum Martrou   Le Martrou - Rochefort Am Déngscht fir Touristen
1903 Transborderbréck vun Nantes   Nantes Dezember 1954 Mee 1958  
1905 Transborderbréck vu Marseille   Marseille Mäerz 1944 August 1944  
1908 Transborderbréck vu Brest   Brest 1944 1947  
  Transborderbréck vu Bordeaux   Bordeaux   1942 Just Piliere ware gebaut ginn
  Transborderbréck vu Lucy   Monceau-les-Mines   Gouf duerch eng Hiefklappbréck iwwer dem Canal du Centre ersat.
1905 Transborderbréck Runcon-Widnes   Runcorn - Widnes Juli 1961 Enn 1961  
1906 Transborderbréck vun Newport   Pillgwenlly - Somerton An Déngscht
1911 Transborderbréck vu Middlesbrough   Middlesbrough - Port Clarence An Déngscht (Video iwwer d'Bréck)
1916 Transborderbréck vu Warrington   Warrington 1964 Nach heiansdo a Betrib
1905 Transborderbréck vun Duluth   Duluth 1927 Gouf 1929 als Hiefbréck ëmgebaut
1933 Sky Ride   Chicago 1934 War just fir d'Ausstellung Century of Progress gebaut ginn.
1914 Ponte Pênsil Alexandrino de Alencar   Rio de Janeiro 1935 Gouf mat enger Stroossebréck ersat

Referenzen

änneren
  1. Pläng am Service historique de la Marine de Rochefort