Transborderbréck vu Warrington

D'Transborderbréck vu Warrington (englesch: Warrington Transporter Bridge oder Bank Quay Transporter Bridge) iwwer de Mersey zu Warrington ass eng Transborderbréck mat enger Spanwäit vu 57 Meter. D'Dunn am Fachwierkbau ass 9,15 m breet an d'Héicht iwwer dem héchste Waasserstand ass 23 Meter. Déi ganz Konstruktioun ass 103,3 m laang.

Den Transborder vu Warrington, gesi vun der West Coast Main Line.

Den Transborder gouf 1915 gebaut an 1964 aus dem Betrib geholl, gëtt awer nach heiansdo manövréiert. Si gouf vum William Henry Hunter geplangt a vun der Entreprise William Arrol & Co. gebaut.

D'Bréck ass a Privatbesëtz a verbënnt zwou Partië vun der cheemescher Fabrick Joseph Crosfield Limited an huet dofir och nach den Numm Crosfield Bridge. Am Ufank huet se Eisebunnswagone bis zu 18 To. transportéiert. 1940 gouf se fir Stroossegefierer ëmgebaut an 1953 gouf d'Charge op 30 Tonne gehéicht.

Si gëtt am English Heritage als Grade-II*-Bauwierk gefouert. Si ass och e Scheduled Monument.

Quellen änneren

  • R. W. Rennison; Civil Engineering Heritage: Northern England
  • Jacques Sigot; La France des Transbordeurs

Um Spaweck änneren

Commons: Tranborderbréck vu Warrington – Biller, Videoen oder Audiodateien