Tora

jiddesch helleg Schrëft
(Virugeleet vu(n) Torah)

D'Tora ass de Grondstee vum jiddesche Glawen, deen an de fënnef Bicher vum Moses geschriwwe steet. Si gëtt och nach Pentateuch genannt. De Begrëff "Tora" kënnt aus dem Hebräeschen an heescht sou vill wéi eng Léier, eng Ënnerweisung an d'Gesetz fir déi Gleeweg. D'Tora ass den éischten Deel aus der Tanach, der hebräescher Bibel.

Tora Schrëftrull, an der Synagog an der Glockengasse zu Köln

De Pentateuch ass aus eelere Quellen. Dozou kënnt nach eng Paschtouerschrëft, déi zirka 550 viru Christus verfaasst ginn ass. No jiddescher Traditioun enthält de Pentateuch, deemno déi schrëftlech Tora, 613 Geboter a Verbueter (Mizwot). Déi stinn an engem Erzielzesummenhank mat verschiddenen Ereegnesser. An der Tora geet rieds vun der Schëpfung an der Urzäit vum Abraham, Isaak a Jakob, dem Auszuch aus Egypten, vum Bundesbeschloss um Bierg Sinai mat der Verëffentlechung vun de Gesetzer bis hin zu der Wanderung duerch d'Wüst.

Hierstellung änneren

Hautdesdaags ginn d'Torarulle vu spezielle Schreiwer (Sofer) mat Gänsekielen an Tënt ouni Metallzousätz op Pergament geschriwwen. Dëst Pergament gëtt speziell fir deen Zweck an Handaarbecht aus der Haut vu rituell koscheren Déiere gemaach. All Buschtaf huet eng bestëmmt Schreifweis. Dee klengste Feeler mécht déi Rull fir de rituelle Gebrauch onbrauchbar. All futtis Rulle ginn um Kierfecht begruewen.

Historesche Kontext änneren

Den Dag op deem Gott de Mënschen d'Tora iwwerreecht huet, gëtt als deen Dag bezeechent wéi d'"10 Geboter" Israel iwwerreecht goufen. An där Zäit gëtt dat d'Wëssen als Ginn an Huele bezeechent. D'Huele gëtt deemno als dat bezeechent wat d'Mënschheet vu Gott empfänkt, an d'Ginn ass déi selwecht Aktioun, nëmmen datt et vu Gott aus gesinn ass. Am Juddentum gëtt d'Tora mam Gesetz gläichgestallt. D'Tora gëtt u wat falsch a wat richteg ass.

Bedeitung vun der Tora änneren

Och wann am Ufank vum Juddentum d'Tora d'Fëllement vum Gesetz duergestallt huet, soll een net iwwersinn, datt spéider an der jiddescher Geschicht net souvill d'Tora, mä méi den Talmud am Zentrum vum Interessi vun der rabbinescher Léier louch a leit. Den Talmud diskutéiert an interpretéiert ouni Enn all Aspekter vum Gesetz a preziséiert d'Reliounsgesetzlechkeet vun de Virschrëften, déi als Prinzipië vum Juddentum gëllen.

Opgrond vun der Akzeptéierung a Rezeptioun vum Alen Testament an dem Kanon vun der chrëschtlecher Glawensgemeinschaft ass och d'Tora indirekt ugeholl ginn, well et en Deel vum Alen Testament ass. Domat goufen natierlech de Glawen un d'Schëpfung, d'Nächsteléift, asw. en Allgemenggutt vun der chrëschtlecher Kultur.

Allerdéngs huet d'Chrëschtentum, wéinst der selwer gesater Dichotomie vum Gesetz am Evangelium, net dat selwecht Verständnes vun der Tora - als Gesetzbuch - wéi déi reliéis Judden, fir déi d'Chrëschtentum am Fong ee verzerrt Bild vun der altestamentescher Gesetzlechkeet liwwert.

Literatur änneren

  • Levin, Christoph: Das Alte Testament; München (C. H. Beck Verlag, Reihe 'Wissen'); ISBN 978-3-406-72191-5
  • Stemberger, Günter: Jüdische Religion; München (C. H. Beck Verlag, Reihe 'Wissen'); ISBN 978-3-406-68327-5
  • Stemberger, Günter: Einführung in die Judaistik; München (C. H. Beck Verlag); 207 S.; ISBN 978-3-406-71547-1
  • Stemberger, Günter: Das klassische Judentum - Kultur und Geschichte der rabbinischen Zeit; München (C. H. Beck Verlag); 272 S.; ISBN 978-3-406-58403-9
  • Stemberger, Günter: Midrash : Vom Umgang der Rabbinen mit der Bibel. Einführung - Texte - Erläuterungen; München (C. H. Beck Verlag); 244 S.; ISBN 978-3-406-49590-8
  • Stemberger, Günter: Der Talmud : Einführung - Texte - Erläuterungen; München (C. H. Beck Verlag); 324 S.; ISBN 978-3-406-08354-9
  • Maier, Johann (als Editeur): Die Kabbalah : Einführung - Klassische Texte - Erläuterungen; München (C. H. Beck Verlag); 416 S.; ISBN 978-3-406-39659-5

Biller änneren