Den Talmud ass de Bibelkommentar, deen am Juddentum tëscht dem 2. Joerhonnert virun eiser Zäitrechnung an dem 6. Jh. no Christus verfaasst gouf an een obligate Moyen duerstellt, fir d'Offenbarung vu Gott (Jahwe) ze verstoen.

Den Talmud ass kee Buch, mee een Ensembel vu Schrëftstécker, déi d'Gesetzer vum Juddentum op verschidde Manéieren hannerfroen a studéieren. Et gëtt iwwregens zwou "Versioune" vum Talmud: de sougenannten Talmud vu Jerusalem an de sougenannten Talmud vu Babylon. A Westeuropa gëtt haaptsächlech den Talmud vu Babylon, deen aus dem 5. Jh. staamt, gelies an op Basis vun der Mishna (613 Geboter, déi stänneg kontrovers kommentéiert ginn) weider entwéckelt.

Fir déi gleeweg Judden ass déi éischt Fro net "Wien ass Gott?", mä "Wéi offenbaart Gott sech de Mënschen?". Op dës fundamental Fro äntwerten d'Talmudmeeschteren op eng iwwerraschend Aart a Weis: "Gott huet sech an engem Buch offenbaart" [=> Tora].

Dofir besteet dem Mënsch seng prioritär Aufgab doranner, datt en d'Tora an d'Mischna liest, studéiert, kommentéiert, interpretéiert, weiderreecht... An dat ass d'Zil vum Talmud.

Déi grouss Talmudisten (= Meeschtere vum Talmud) sinn den Hillel, de Chammai, de Rabbi Yohanan Ben Zakkai, de Rabban Gamaliel I. an de Rabban Gamaliel II., de Rabbi Aquiba, de Rabbi Chimon Bar Yohai, de Rav Achi, de Ravina, den Abaye, de Rachi vun Troyes...

Kuckt och änneren

Literatur änneren

  • Marc-Alain Ouaknin, Invitation au Talmud; Paräis (Flammarion, collection 'Champs'), 2008 (revidéiert an erweidert Ausgab); 224 Säiten.