Nytt

lëtzebuergesche Rapper a Schauspiller
(Virugeleet vu(n) Tony Bitegets)

Den Nytt oder Nyttman, eigentlech Tony B. Imana-Bitegets, gebuer den 30. Juni 1982 zu Washington D.C.,[1] ass e Rapper a Schauspiller vu Lëtzebuerg mat kongoleeseschen Originnen. Hie rapt op Franséisch an ass Member vu Bossmen.

Nytt
Gebuer 30. Juni 1982
Washington
Aktivitéit Rapper
Member vun Bossmen

Karriär änneren

Den Tony Bitegets ass 1993 an Europa komm an huet 1999 seng éischt Apparitiounen op Mixtapë vun DJen zu Lëtzebuerg, an der Belsch an a Frankräich gemaach.[1] 2002 huet hien du mat sengem Brudder Alino d'Grupp Bossmen gegrënnt. Ufanks hu si nach méi Ragga an Dancehall gemaach a sech spéider ëmmer méi a Richtung Hip-Hop orientéiert.[2]

2008 huet den Nytt säi Soloalbum Weed & Flow erausbruecht, 2012 den Album Marginal.

Den Nytt huet zënter 2018 eng Rei Singele verëffentlecht, dorënner J'ai pas ton temps (2018), Keloké (2019), Niata (2019), an Africa (2020), an och eng franséisch Versioun vum Burna Boy sengem Hit On the Low (2019).

Als Schauspiller ass hien am Adolf El Assal senge Filmer Reste bien, mec! (2009) a Les fameux gars (2012) ze gesinn.

Discographie änneren

  • 2008: Weed & Flow (Album)
  • 2012: Marginal

Filmographie änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 reggae.fr: Presentatioun vu Bossmen
  2. L'essentiel (online): «Tout ça, c'est bon pour le pays!» (9. Februar 2012)