Bossmen waren e lëtzebuergeschen Duo vun Esch-Uelzecht, deen Hip-Hop op Franséisch gemaach huet.

Bossmen
Museksgenre Hip-Hop, Ragga, Dancehall
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2002
Websäit Facebook
Memberen Nytt (Rap), Alino (Rap)

Geschicht vu Bossmen änneren

D'Membere vu Bossmen waren déi zwéi Bridder Nytt an Alino, déi vu Kinshasa aus dem Kongo jonk als politesch Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm sinn.[1][2] Si hunn 2002 hiren éischte Mixtape Bossmentality erausbruecht.[1] Ufanks hu si nach méi Ragga an Dancehall gemaach a sech spéider ëmmer méi a Richtung Hip-Hop orientéiert.[3]

Bossmen hunn ënner anerem mam bekannte franséische Rapper Youssoupha zesummegeschafft.

Den Nytt war och als Schauspiller aktiv an huet eng Roll am Adolf El Assal sengem Film Les fameux gars gespillt. Déi zwéi Bridder bréngen als Solokënschtler nach ëmmer nei Lidder eraus.

Discographie änneren

EPen änneren

  • 2013: Objectif 2090
  • 2014: Cypher 2090

Mixtapen änneren

  • 2002: Bossmentality
  • 2006: Bossmentality Vol. 2
  • 2012: Bossmentality Vol. 3

Lidder (Auswiel) änneren

  • 2011: Diez a fond (feat. S-Pi & Youssoupha)
  • 2011: Très mal
  • 2011: One sera là (feat. Bolingo)
  • 2011: Tout dans l'geste
  • 2012: Esch City Bitch
  • 2012: Chacun son camp
  • 2012: Ima Bossmen
  • 2012: Rêve
  • 2013: 3.5.2
  • 2015: Match Eza Wo

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 MTV (online): Presentatioun vu Bossmen
  2. Luxuriant (online): “Esch City”, le nouveau clip des Bossmen en exclusivité sur www.luxuriant.lu (2. Februar 2012)
  3. L'essentiel (online): «Tout ça, c'est bon pour le pays!» (9. Februar 2012)