Les fameux gars
Les fameux gars ass e Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur a Produzent Adolf El Assal.
![]() | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2012 |
Première | 2012 |
Dauer | 85 |
Originalsprooch | Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Adolf El Assal |
Dréibuch | Vincent Habay |
Fotografie | Emilie Gueret |
Musek | Edoardo Inzolia |
Produzent | Independent Spirit Productions S.A |
Schauspiller | |
Godié als Steven | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre ![]() |
De Film gouf am Juli 2011 zu Lëtzebuerg gedréint. En ass den 23. Mäerz 2012 an de Kinoen erauskomm.
Wourëms geet et am Film? Änneren
De Steven, en net ganz helle Schüler an enger Spezialkass, gëtt gewuer, datt seng Schoul eng Rees op Alcabideche a Portugal gewonnen huet. Hie freet sech, endlech d'Land, wou en hierkënnt, mat senge Kolleege Guy, Armand an Henri besichen ze kënnen. Do ukomm geréit déi ganz Geschicht séier aus der Bunn, wéi de Steven mengt, se missten en Deal mat gefälschte Suen dréinen...
Iwwer de Film Änneren
All d'Zeenen, déi a Portugal spillen, goufen zu Lëtzebuerg gedréint. Bekannt Leit vun der Televisioun hu Cameo-Optrëtter am Film, an eng sëllege Rapper an Hip-Hop-Museker maachen am Film mat.
2.500 Leit waren de Film 2012 an de Kino kucken.[1]
Kuckt och Änneren
Um Spaweck Änneren
Referenzen Änneren
- ↑ Luxembourgish box office revised. Zuele vun der SLEC, Januar 2013 op filmreakter.lu