Reste bien, Mec! ass e lëtzebuergesche Film vum Adolf El Assal aus dem Joer 2009.

Reste bien, mec!
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Première 2009
Dauer 85 min
Originalsprooch Franséisch
Ekipp
Regie Adolf El Assal
Dréibuch Adolf El Assal
Fotografie Adolf El Assal
Musek CHI & Cico
Produktiouns-
gesellschaft
L.X. Team[1]
Schauspiller

Diego "Godié" Castello: P'oinj
Tony "Nytt" Bitegets: Dadi
Edmar "Lil*Star" Martins: Haze
Trefle 4: Papi
Alino: Kiff
Eric "C.H.I." Bintz: Machician
Edoardo "Cico" Inzolia: Machician

Taipan: Don Pondserello
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

De Poing, den Dadi, de Papi, de Kiff an den Haze si fënnef Frënn, déi an der Museksbranche grouss als HipHop-Stare wëllen erauskommen. De Film begleet si e puer Deeg laang wärend deene si ganz verschiddenen Zorte Leit begeinen, vun hire Rivalen, den Bofferdingues bis op de Machicien, de berüümte Museksproduzent...

Produktioun änneren

Reste Bien, Mec ass den zweete Film vum lëtzebuergesche Regisseur Adolf El Assal. E gouf als sougenannte Guérilla-Film gedréint, ouni grousse Budget an dat nëmmen an e puer Deeg. Tatsächlech hunn d'Dréiaarbechte just vum 1. bis den 12. September 2008 gedauert. Gedréint gouf zu Lëtzebuerg, zu Marseille a Frankräich an zu Amsterdam an Holland.

Filmmusek änneren

De Soundtrack vum Film gouf komplett vun engem lëtzebuergesche Museksproduzent realiséiert, dem C.H.I., deen scho mat villen am Milieu établéierte Kënschtler geschafft huet. De Soundtrack ass eng Compilatioun mat 19 Titelen[2].

Sortie änneren

D'Avant-première vun Reste bien mec! war de 16. Februar 2009 am CinéBelval. D'offiziell Sortie war den 20. Februar am Kinosch zu Esch-Uelzecht.[3] Am Dezember 2009 gouf de Film vum Regisseur gratis op der Internetsäit Dailymotion ugebuede fir erofzelueden, zënter 2014 ass en op YouTube ze gesinn.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. http://www.adolfelassal.com/Adolf_El_Assal_%7C_Filmmaker.html
  2. http://www.lessentiel.lu/rechercher/story/19347934
  3. http://www.lessentiel.lu/rechercher/story/24358801