Den Tony Bennett, gebuer als Anthony Dominick Benedetto den 3. August 1926 zu New York City, an och do den 21. Juli 2023 gestuerwen[1], war en US-amerikaneschen Jazzsänger an Entertainer.

Tony Bennett
Gebuertsnumm Anthony Dominick Benedetto
Gebuer 3. August 1926
Queens
Gestuerwen 21. Juli 2023
New York
Doudesursaach Alzheimer
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Moler, Autobiograph, Jazzmuseker, Schauspiller, Discographesche Kënschtler
Partei Democratic Party

Hie war ganz populär an den USA, wou en iwwer 50 Milliounen Disquë verkaaft huet. Hien huet 19 Grammy-Awards gewonnen. Mat Titele wéi I Left My Heart in San Francisco gouf hien och international bekannt.

Aner Hitte vun him waren an den 1950er an 1960er Jore Lidder wéi The Boulevard of Broken Dreams, Because of You (1951), Cold Cold Heart (1951), Rags to Riches (1953), Stranger in Paradise (1953) Blue Velvet (1951) I Wanna Be Around (1963), Who Can I Turn To (1964) an The Shadow of Your Smile (1965).

1998 huet hien, zesumme mam Jazzkritiker Will Friedwald, seng Autobiographie The Good Life erausbruecht.

2006, fir säin achtzegste Gebuertsdag huet hien den Album Duets – An American Classic erausbruecht, wou hien zesumme mam Bono, Michael Bublé, den Dixie Chicks, Elvis Costello, Céline Dion, Billy Joel, Elton John, Juanes, Diana Krall, k.d. lang, Paul McCartney, Tim McGraw, George Michael, Barbra Streisand, James Taylor an Stevie Wonder gesongen huet.[2] 5 Joer drop huet hien dat selwecht mat Duets II gemaach, dës Kéier mam Andrea Bocelli, Michael Bublé, Mariah Carey, Natalie Cole, Sheryl Crow, Aretha Franklin, Josh Groban, Faith Hill, Norah Jones, Lady Gaga, k.d. lang, John Mayer, Willie Nelson, Queen Latifah, Alejandro Sanz, Carrie Underwood an Amy Winehouse. Hie koum op d'Plaz 1 an d'Billboard-Albumcharts a war domat deen eelste Kënschtler, deen et je op déi éischt Plaz do gepackt hat[3]

Och als Moler huet hie sech en Numm gemaach.

Discographie änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Tony Bennett – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Carmel Dagan:Tony Bennett, Master Pop Vocalist, Dies at 96. variety.com 2023-07-21
  2. Joanne Kaufmann: "Tony Bennett at Age 80 – an American Classic." Wall Street Journal, 2006-09-14
  3. Keith Caulfield: Tony Bennett, 85, Achieves First No.1 Album on Billboard 200, Billboard 28. September 2011.