Amy Winehouse

brittesch Sängerin

D'Amy Jade Winehouse, gebuer de 14. September 1983 zu London an och do gestuerwen den 23. Juli 2011, war eng brittesch Sängerin, déi bekannt war fir hir kräfteg Alt-Stëmm an hire Mix vu verschiddene Museksgenrë wéi R'n'B, Jazz, Pop, Soul a Ska.

Amy Winehouse
Gebuertsnumm Amy Jade Winehouse
Gebuer 14. September 1983
London
Gestuerwen 23. Juli 2011
London
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Liddermécher, Gittarist, Jazzmuseker, Jazzgittarist, Entertainer, Discographesche Kënschtler

Hir erfollegräichste Single an Europa war Rehab, mat där se 2007 an d'Charts koum.

An de Boulevardmedie gouf se als fënneffach Grammy-Gewënnerin gefeiert, mä si war do awer och dacks present wéinst hirem Drogen- an Alkoholkonsum, wéinst deem se ë. a. 2007 kuerzfristeg eng Rei Festivalstermäiner huet missen ofsoen, grad wéi 2011 hir Comeback-Tournee duerch Europa. Den 23. Juli vun deem Joer ass si am Alter vun nëmme 27 Joer dout an hirer Wunneng fonnt ginn. D'Obduktioun huet spéider erginn, datt si 4,16 Promill Alkohol am Blutt hat.[1]

Discographie änneren

Albumen änneren

  • Frank - 2003
  • Back to Black - 2006
  • Lioness: Hidden Treasures (posthum) - 2011

Singelen änneren

  • Stronger Than Me - 2003
  • Fuck me pumps / I heard love is blind - 2003
  • Take the Box - 2004
  • In My Bed / You Sent Me Flying - 2004
  • Pumps / Help Yourself - 2004
  • Rehab - 2006
  • You Know I'm no Good - 2007
  • Back to Black - 2007
  • Tears Dry on Their Own - 2007
  • Valerie (feat. Mark Ronson) - 2007
  • Love Is a Losing Game - 2007
  • B Boy Baby (Mutya Buena an Amy Winehouse) - 2007
  • Just Friends - 2008
  • Body and Soul (Duet mam Tony Bennett) - 2011
  • Our Day Will Come - 2011

Um Spaweck änneren

Commons: Amy Winehouse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Amy Winehouse starb an Alkoholvergiftung". Süddeutsche Zeitung, 2011-10-26.