Josh Groban

US-amerikanesche Sänger

Den Josh Groban, gebuer de 27. Februar 1981 zu Los Angeles, ass en US-amerikanesche Popsänger (Stilrichtung: "Popera") mat klassesch ausgebilter Stëmm (Bariton). Hie séngt "Klassik-Pop" op Englesch, Italieenesch, Spuenesch an op Franséisch. Produzéiert gëtt hien haaptsächlech vum David Foster.

Josh Groban
Gebuer 27. Februar 1981
Los Angeles
Nationalitéit USA
Educatioun Carnegie Mellon University
Aktivitéit Liddermécher, Museker, Operesänger, Schauspiller, Pianist, Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller

1998 gouf de Groban vun Starproduzent David Foster entdeckt. Nëmmen 1 Joer méi spéit huet hie bei der Grammy-Iwwerreechung mat der weltbekannter Sängerin Céline Dion "The Prayer" gesongen. Spéitstens dunn, huet seng Karriär eréischt richteg ugefaangen. Hie krut eng Gaaschtroll an der amerikanescher Kult-Sendung "Ally McBeal", huet zesumme mat der Charlotte Church op der Ofschlossfeier vun den Olympesche Wanterspiller zu Salt Lake City gesongen, geneesou wéi um Broadway a beim Super Bowl.

Doriwwer eraus huet de Josh Groban de Soundtrack vun Filmer, wéi zum Beispill A.I. (Duett mam Lara Fabian), Troy (Remember) an The Polar Express (Believe) gesongen.

Charity änneren

Ënner der Leedung vu sengem Mentor, dem David Foster, séngt den Groban bei villen Charity Eventer, dorënner VH1 Save the Music (2005), Tsunami Aid: A Concert of Hope (2005), The Heart Foundation Gala (2005), David Foster and Friends Charity Gala (2006), Live 8 (2005). Inspiréiert vun enger Visite mam Nelson Mandela, wärend senger Rees duerch Südafrika am Joer 2004, grënnt hien d'Josh Groban Foundation. Dës Fondatioun soll aarme Kanner hëllefen, ze léieren a gesond ze ginn/bleiwen. De Mandela huet de Groban als Official Ambassador for Mandela's Project (46664) ernannt. Dës Campagne soll hëllefen, weltwäit op déi séier Ausbreedung vun HIV/AIDS an Afrika opmierksam ze maachen.

Discography änneren

Albumen änneren

  • Josh Groban (2001)
  • Closer (2003)
  • Closer (Special Edition) (2003)
  • Closer (Internet Edition) (2003)
  • Awake (2006)
  • Awake (Special Edition) (2006)
  • Awake (Internet Edition) (2006)
  • With You (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)
  • Noël (2007)
  • Noël (Special Edition) (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)

DVD änneren

  • Josh Groban In Concert (2002)
  • Closer (Special + Internet Edition) (2003)
  • Live at the Greek (2004)
  • Awake (Special + Internet Edition) (2006)
  • Noël (Special Edition) (2007) (nemmen an Amerika erhältlech)
  • Awake - The Live CD-DVD (2008)

Konzerten änneren

  • Josh Groban In Concert (2002)
  • CHESS: Actors' Benefit Fund Concert (2003)
  • Live At The Greek (2004)
  • Come Together Now - Hurricane Relief Concert (2005)
  • Awake - The Live CD-DVD (2008)

Schauspillerei änneren

  • Ally McBeal Staffel 4 Box Set 2 (DVD) - 2002 - An der Episode "The Wedding", spillt den Josh Groban den Charakter Malcolm Wyatt a séngt "You're Still You"
  • Ally McBeal Staffel 5 Box Set 1 (DVD) - 2003 - An der Episode "Nine One One", spillt den Josh Groban den Charakter Malcolm Wyatt a séngt "To Where You Are"

Diverses änneren

  • Sarah Brightman: La Luna: Live in Concert (DVD) Duet beim Lidd "There for Me" (2001)
  • A.I. - Artificial Intelligence Original Motion Picture Score - Duet beim Lidd "For Always" (mam Lara Fabian) (2001)
  • Prelude: The Best of Charlotte Church - Duet beim Lidd "The Prayer" (2002)
  • Enchantment: Charlotte Church (DVD) - Duet bei den Lidder "Somewhere" an "The Prayer" (2002)
  • Duets (Streisand album)|Duets with Barbra Streisand - Duet beim Lidd "All I Know Of Love" (2002)
  • Concert for World Children's Day (DVD) - Huet den Josh Groban "Gira Con Me," "To Where You Are," "The Prayer" (Duet mam Céline Dion), and "Aren't They All Our Children Anthem" (de ganzen Cast) gesongen (2003)
  • Troy Soundtrack - Remember" mam Tanja Tzarovska (2003)
  • The Polar Express Soundtrack - "Believe" (2004)
  • Hurricane Relief - Come Together Now - Huet den Josh Groban d'Lidder "Alla Luce Del Sole" an "Tears in Heaven" gesongen (2005)
  • Michael Bublé - Caught in the Act - Trett den Josh Groban als Gastsenger op (2005)
  • Lady in the Water (Teaser Trailer) - "Mi Mancherai (Il Postino)" (2006)
  • Barbara Cook at the Met (CD) - Duet bei den Lidder "Move on" and "Not While I'm Around" (2006)
  • American Music Awards - Huet den Josh Groban "February Song" gesongen (2006)
  • Kennedy Center Honors - Huet den Josh Groban d'Lidd "Music of the Night" fir den Andrew Lloyd Weber gesongen (2006)
  • Macy's Thanksgiving Day Parade - 2006 - Huet den Josh d'Lidd "February Song" (vu sengem Album Awake) gesongen
  • American Idol Gives Back [1]- 2007 - Huet den Josh d'Lidd "You Raise Me Up" mat The African Children's Choir gesongen
  • Concert For Diana - 1. Juli 2007 - Huet den Josh d'Lidd "All I Ask Of You" aus dem "Phantom of The Opera" zesumme mat der Sarah Brightman gesongen.

Um Spaweck änneren

Commons: Josh Groban – Biller, Videoen oder Audiodateien