Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Insel Timor ass mat 33.850 km² déi gréisst vun de Klenge Sunda-Inselen. Den Timor-Archipel, abegraff Roti, ass de gréissten Archipel vun den ëstleche Klenge Sunda-Inselen am Oste vum Indoneeseschen Archipel. Timor huet ongeféier dräi Milliounen Awunner.

Foto aus dem Weltraum

GeographieÄnneren

D' Insel ass bal 500 km laang, awer nëmmen 80 km breet an erstreckt sech a west-ëstlecher Richtung. Timor ass vun de Klenge Sundainseln, déi déi am wäitsten am Oste läit.

Timor ass politesch an zwee gedeelt:

  • D'indoneesescht Westtimor (Timor Barat), dat zu der indoneesescher Provënz Nusa Tenggara Timur gehéiert, ass ongeféier 19.000 km² grouss an huet ronn zwou Milliounen Awunner. D'Haaptstad ass Kupang.
  • D'Demokratesch Republik Osttimor (offiziell Timor-Leste), zu där och d'Enklave Oecussi-Ambeno déi un der Norwestküst vun Timor läit, an déi méi kleng Inselen Atauro a Jaco gehéieren, ass 15.007 km² grouss an huet ongeféier eng hallef Millioun Awunner. D'Haaptstad vun Osttimor ass Dili.
 
D'Lag vun Timor a Südostasien

Um SpaweckÄnneren

Commons: Timor – Biller, Videoen oder Audiodateien