Three Shake-a-leg Steps to Heaven

Three Shake-a-leg Steps to Heaven ass e lëtzebuergesch-belsch-däitsche Spillfilm vum Andy Bausch aus dem Joer 1993.

Three Shake-a-leg Steps to Heaven
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Belsch
Däitschland
Produktiounsjoer 90 min
Première 1993
Originalsprooch Lëtzebuergesch
Ekipp
Regie Andy Bausch
Dréibuch Andy Bausch
Fotografie Klaus Peter Weber
Musek Gast Waltzing
Schnëtt Christel Maye
Produzent Jani Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
Samsa Film
Films Dérives Production
Von Richthofen & Steger Filmproduktion
Schauspiller
Udo Kier: Edouard Müllendorf
Désirée Nosbusch: Lisa Rosenstiel
Ritchie Müller: Yuri Komorowsky
Thierry van Werveke: Jängi Jacoby
Eddie Constantine: Don Fabrizzi
Jochen Senf: Honoré Regenwetter
Josiane Peiffer: Gertrude Müllendorf
Serge Wolff: Pimp Benno
Christian Kmiotek: Dino
Fernand Fox: Neckel Meisendorf
Marie-Christine Faber: Madame Triny
Jürgen Vogel: Maurizzio Amurri
André Jung: Max Van Hulle
Jaoued Deggouj: Killer
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

En drëttklassegen Elvis-Imitateur an e russeschen Danz-Enseignant retten e Banquier virun der Mafia, vun där en ëmbruecht sollt ginn. Si doe sech zesumme mat engem Callgirl, dat sech gutt an Astrologie auskennt...

Soss änneren

Den Eddie Constantine spillt hei seng lescht Roll. Hien ass kuerz duerno gestuerwen.

De Film gouf am Ganze vu 5.104 Leit am Kino gesinn.[1]

En hat e Budget vu 40 Millioune Lëtzebuerger Frang[2] a krut 1990 e Produktiounssubside vum neie Lëtzebuerger Filmfong an Héicht vun 9.778.000 Lëtzebuerger Frang.[3] 1993 koum nach e Subside als "Aide à la distribution et à la diffusion" vun enger Millioun dobäi.[4] Donieft krut Samsa Film 1992 och nach en europäesche Produktiounssubside vun Eurimages an enger Héicht vun 800.000 franséische Frang.[5]

De Film gouf den 28. Februar 1998 op der lëtzebuergescher Televisioun gewisen.[6]

Wat sot d'Press? änneren

Saarbrücker Zeitung:[7]

Bausch ist neben Detlev Buck zur Zeit der einzige Filmemacher im deutschsprachigen Bereich, der witzige Komödien drehen kann. 'Three steps' ist eine aberwitzige schwarze Komödie mit menschenfressenden Piranhas, falschen Leichen und einem selbstmörderischen Weihnachtsmann.

France Clarinval, paperjam.lu, 2015:[2]

Plutôt kitsch dans ses couleurs et ses scènes chantées et dansées, ce Three shake-a-leg steps to heaven est constitué de saynètes plus ou moins bien articulées tantôt frôlant l'absurde, tantôt plutôt ennuyeuses.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Box office films luxembourgeois 1981-2012" op cna.public.lu (gekuckt:2013-01-19).
  2. 2,0 2,1 paperjam.lu: 1993: Three shake-a-leg steps to heaven vum France Clarinval (15. November 2015)
  3. Rapport d'activité du Ministère de la Culture 1990, Säit 68
  4. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1993, Mäerz 1994, Säit 71
  5. Rapport d'activité du Ministère des Affaires culturelles 1992, Mäerz 1993, Säit 60
  6. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193
  7. Gesammelt Pressstëmmen op webartproject.de