Thorn (Limburg)

fréier hollännesch Gemeng

Thorn (Limburgesch: T(h)oear) ass eng kleng Touristestad a fréier Gemeng am Süde vun der hollännescher Provënz Limburg mat ronn 2.500 Awunner (2023). Thorn läit op der Grenz mat der Belsch, an déi belsch Nopeschuertschaft ass Kessenich. An Holland stéisst Thorn un d'Uertschaften Ittervoort, Heel, a Weessem.

Thorn
Land Holland
Provënz Limburg
Gemeng Maasgouw
Awunner 2.463 (1. Januar 2023)
Fläch 6,68 km²
Koordinaten 51°10'0"N, 5°50'0"O
Postcode 6017


Wéinst den Haiser am Zentrum, déi all wäiss ugestrach sinn, gëtt Thorn déi Wäiss Stiedche genannt.

Den 1. Januar 2007 huet Thorn mat de Gemenge Maasbracht an Heel zu der neier Gemeng Maasgouw fusionéiert.

Geschicht änneren

D'Geschicht vun Thorn hänkt enk zesumme mat der Geschicht vun der Abtei vun Thorn, déi 975 vum Ansfried vun Utrecht gegrënnt gouf. D'Klouschter dat am Laf vun der Zäit méi grouss gouf, gouf och méi weltlech, mat dem Resultat datt e klengt Fürstentum entstanen ass. Et war, mat e puer Nopeschuertschaften, de klengsten eegestännege Staat am Hellege Réimesche Räich.

Thorn krut Stadrechter am Joer 1354. [Source?]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Thorn (Netherlands) – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Beekstraat zu Thorn