D''Abteikierch och Méchelskierch vun Thorn ass zanter 1797 d'Parkierch vun Thorn am hollännesche Limburg. Déi fréier Parkierch déi net wäit dovu stoung gouf an deem Joer vun de Fransousen, déi déizäit do d'Soen haten am Kader vun der allgemenger Konfiskatioun ewechgerappt. Vun der Abtei déi tëscht 1794 an 1814 lues a lues deziméiert gouf ass haut ausser engem Gebai näischt méi ze gesinn.

Abteikierch vun Thorn

Uertschaft / Plaz NLDNLD Thorn
Numm / Patréiner Äerzengel Méchel
Architekt(en) P.J.H. Cuypers
Koordinaten 51° 9’ 38’’ N
      5° 50’ 31’’ O
Kierchen - Kapellen
De Chouer an den Haaptaltor

Dat lescht Stéck Baugeschicht gouf tëscht 1863 an 1872 geschriwwen, wéi ënner der Leedung vum Architekt P.J.H. Cuypers de robusten Tuerm am spéitgotesche brabänner Stil op der Plaz vum alen Narthex bäigebaut gouf.

De Grondrëss vun der Kierch ass asymmetresch, de lénksen Deel nieft dem Mëttelschëff ass bal duebel sou breet wéi dee rietsen. D'Fassad dovun ass bis op e klenge Retrait um Niveau vun der Hl. Sakramentskapell gläichméisseg. Op der rietser Fass kucken an der Mëtt, d'Ubaute vun der Kapell vun der Helleger Famill, a vun der Kapell vun der Dräifaltegkeet eraus.

De Patréiner vun der Kierch ass den Äerzengel Michael.

An d'Kierch kënnt een eran duerch d'Haaptportal an der nërdlecher Säitefassad.

Direkt an der Entrée steet eng kleng Statu vun der Heereswint oder och nach Hilsond, der Fra vum Ansfried vun Utrecht, déi mat him zesummen d'Abtei gegrënnt hat.

An der stenge Rumm vum Portal, déi aus Ardenner Steng ass, ass d'Joreszuel 1285 agemeesselt, an de bannenzegsten Deel vun der Rumm ass am barocke Stil gehalen, an ass aus der zweeter Hallschent vum 17. Joerhonnert.

Iwwer dem Portal steet an der Mëtt eng Statu vum hellege Mechel, riets dovun ass eng Statu vun der Helleger Elisabeth, a lénks steet den hellege Jérôme.

Wann een duerch d'Portal ass gesäit een op der rietser Hand e Palier dee méi héich läit, op deen een iwwer zwou Säitentrapen eropkënnt, an deen zum sougenannten Dammechouer gehéiert.

Iwwer deem steet d'Uergel.

Vum Dammechouer aus kënnt een iwwer a puer Träppleken erof an den eelsten Deel vun der Kierch, d'Romanesch Krypta an där eng hëlze Maquette vun der fréierer Abtei ausgestallt ass. An der Westfassad vun der Krypta sinn zwou kleng faarweg Fënsteren déi d'Grënner vun der Abtei duerstellen.

De Chouer änneren

De Chouer vun der Kierch, schléisst un den ëstlechen Deel vum Mëttelschëff un. An de Chouer kënnt een iwwer eng Trap déi vun zwou Säiten eropgeet an déi vum Chouer duerch en niddreg hëlze Balustrad getrennt ass.

Am Chouer stinn op den zwou Säiten d'Ställercher vun den Doumhären, iwwer deenen een un de Mauere Stuckrelieffer mat Motiver vun de Helleger Eucharistie aus dem 18. Joerhonnert gesi kann. Riets nieft dem Chouer ass d'Krypta, a lénks d'Sakramentskapell. Déi sinn awer op dem Niveau vum Mëttelschëff.

Den Haaptaltor ass ee barockt Meeschterstéck vum F.X. Bader vu 1769. De ganzen Altor ass aus marbréiertem Stuck a war am Fong fir d'Karteiserklouschter vu Roermond gemaach ginn. Tëscht 1785 a 1786 goufen d'Miwwele vun deem Klouschter verkaaft, an dem Doumkapitel vun der Benediktinnerinnenabtei vun Thorn huet den Altor kritt. An der Mëtt vum Altor ass d'Ubiedung vun de Schéifer ze gesinn, lénks a riets dovu sti grouss Satue vum hellege Lambert, a vum hellege Bruno vu Köln, dem Grënner vum Karteiseruerden.

Wéi den Altor zu Thorn opgeriicht gouf, koumen nach d'Statue vun den hellege Péiter a Paul derbäi.

1995 bei der Restauratioun vun der Kierch koum nach een Altordeel derbäi dee vun de Bridder Bongers vu Roggel fabrizéiert gouf.

D'Kapellen änneren

Op der rietser Säit änneren

  • D'Kapell vun der Helleger Famill huet e barocken Altor aus dem 17. Joerhonnert a gouf vun der Doumfra Claire-Elisabeth vu Manderscheid-Blankenheim gestëft. An der Mëtt vum Altor ass op enger Molerei d'Helleg Famill duergestallt. Iwwer dem Ganze steet eng Statu vum hellege Sebastien, dee Patréiner vun de fréiere Schéisskompanië vun Thorn war. Widder der Südmauer steet eng Haupeschstatu, a widder der Westmauer ass eng Statu vum hellegen Isidor, dem Patréiner, vun de Baueren ze gesinn. Dës Statue sinn all aus Kapellen déi fréier an der Géigend vun Thorn stoungen.
  • Direkt donieft ass d'Kapell vun der Dräifaltegkeet. Iwwer dem Altor ass eng Molerei déi d'Helleg Dräifaltegkeet duerstellt, a chrëschtlech Sklaven déi aus der tierkescher Gefaangenschaft fräikaaft goufen, als Erënnerung, datt d'Abtei vun Thorn, sech beim Fräikafe vu chrëschtleche Sklaven, ëmmer staark finanziell bedeelegt huet. E gemoolten Antependium vu 1758-1759, ass iwwer dem Altorsteen. Eng Fra déi läit, a räich ugedoen ass, stellt zesumme mat engem Spigel an engem Pohunn déi zwou Ondugenden, den Houfert an d'Iwwerhieflechkeet duer. Eng Fra déi do sëtzt a ganz einfach ugedoen ass, stellt zesumme mat engem Jach an engem Schof, d'Gedold, d'Follegen an d'Zaartheet duer. Widder der Südmauer steet en Helleg Bäerbelstatu, an op der Westmauer hänkt e Kruzifix vun 1850.
  • D'Helleg Lambert-Kapell

Op der lénkser Säit änneren

  • D'Sakramentskapell
  • D'Kapell vun der Därekroun
  • D'Sint-Janskapell

D'Uergelen änneren

An der Kierch stinn zwou Uergelen, eng kleng säitlech vum Chouer, an d'Haaptuergel um zweete Stack vum Dammechouer. D'Haaptuergel kënnt aus dem Atelier vun der Famill Vermeulen vu Weert, a gouf an den 90er Joren, ënner der Leedung vum Frans Vermeulen komplett restauréiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Abteikierch vun Thorn – Biller, Videoen oder Audiodateien