D'Brigade Piron-Bréck ass déi klengst Bréck an Europa déi den Numm vun enger Alliéierten-Unitéit aus dem Zweete Weltkrich dréit. Si steet an Holland an der Provënz Limburg an der klenger Stiedchen Thorn.

Brigade Piron-Bréck zu Thorn
Koordinaten:51° 09’ 35’’ N 05° 50’ 19’’ O

Et ass eng Boubréck déi aus Steng an Zille gebaut ass, a mat Eisendunnen arméiert ass. Déi gréisst Breet ënner dem Bou ass ronn 2,5 Meter, an de Bou huet eng Héicht vun 1 Meter iwwer Waasser.

Se krut hiren Numm als Undenken un d'Brigade Piron, déi déi Wäiss Stad, de 25. September 1944, vun den däitsche Besatzungstruppe befreit huet.