Eng ballistesch Rakéit (ballistic missile) ass der Reegel eng militäresch Rakéit, déi e Buedemzil op enger Fluchbunn entspriechend de Gesetzer vun der Ballistik erreecht. Bei net ze grousser Spëtzenhéicht entsprécht hir Fluchbunn am grousse Ganzen där vun engem Geschoss, enger Worfparabel. Anescht wéi reaktiv Artilleriegeschosser wéi beispillsweis Rakéitewerfer si ballistesch Rakéite wéinst hire grousse Reechwäite generell gesteiert. Am Ënnerscheet zu Marschfluchkierper a Lenkwaffen hu se keen Drowierk a kee Marschdreifwierk, mä ginn nëmmen an der Startphas ugedriwwen, fir s'op déi, fir d'Erreeche vum Zil, néideg Vitess ze bréngen.

V2-Rakéit, déi éischt militäresch agesat ballistesch Rakéit
D'V2 war fir d'Kurssteierung mat zwéi Gyroskopen ekipéiert.

Ballistesch Rakéite kënne vu mobilen oder vu feste Startrampe gestart ginn. Bei Rakéite mat gréisserer Reechwäit ass de Startwénkel meeschtens vertikal a gëtt eréischt méi spéit op d'Zil dirigéiert, fir den Afloss vum Loftwiderstand sou kleng wéi méiglech ze halen.

Fluchbunn änneren

Wat méi wäit d'Buedemzil vun enger ballistescher Rakéit ewech ass, ëmsou méi gëtt hir Fluchbunn vun der Parabelform ofgeleet a gëtt e ballistesche Bou, well nieft der Krëmmung vun der Äerduewerfläch an der sphärescher Struktur vum Schwéierfeld spillt de Loftwiderstand eng grouss Roll. De Loftwiderstand fällt bei ze grousser Héicht. D'Fluchbunn gëtt mat der Ugläichung un déi Éischt Kosmesch Vitess a Funktioun vun de Gesetzer vun der Himmelsmechanik an dem Éischt Gesetz vum Kepler zouhuelend elliptesch.

Wann d'Rakéit op hirer Fluchbunn déi Éischt Kosmesch Vitess erreecht, da gëtt d'Fluchbunn net méi ballistesch genannt, mä gläicht enger Satellittebunn. Si ergëtt sech aus der bei Brennschluss erreechter Ufanksvitess an hirem Wénkel zu der Horizontaler.

Steierung änneren

Duerch déi laang Fluchstreck, déi wéinst dem Fluchbou däitlech méi laang ass wéi d'Reechwäit, verhënnert den Afloss vun atmosphäresche Bedéngungen (virun allem Säitewand) meeschtens eng Zilausriichtung aleng beim Start. Domat gëtt den Asaz vun engem Steierungssystem noutwendeg – haut meeschtens e Bequemlechkeetsnavigatiounssystem (inertialen Navigatiounssystem). Déi Technik gouf fir d'éischt am Zweete Weltkrich bei der däitscher V2 benotzt. D'V2 gouf vun zwéi Gyroskopen an enger Zäitschaltauer gesteiert, a konnt sou automatesch e virprogramméierten Zilkurs halen.

Haut gi sou Steierunge mat Satellittennavigatioun wéi de GPS oder de russesche GLONASS gemaach. Eng Steierung geschitt meeschtens nëmme wärend der Brenndauer vun den Dreifwierker; an neiester Zäit goufen als Reaktioun op d'Weiderentwécklung vun der Rakéitenofwier och steierbar Gefechtskäpp entwéckelt, sou wéi de MARV fir Interkontinentalrakéiten oder wéi déi russesch Iskander-Kuerzstreckerakéit.

Militäreschen Asaz änneren

Militäresch ballistesch Rakéite gehéieren zu de Buedem-Buedem-Rakéiten a ginn no hirer Reechwäit klassifizéiert. Virun allem Rakéite mat grousser Reechwäit kënnen an éischter Linn bei strategeschen Ziler zum Asaz kommen.

D'Treffgenauegkeet vun enger ballistescher Rakéit gëtt als CEP (Circular Error Probable) a Meteren uginn: de Radius vun engem Krees ronderëm den Zilpunkt, an dee statistesch 50 Prozent vun de Fluchkierper treffen. Déi bescht Interkontinentalrakéiten erreechen en CEP vun 100 m, déi ongeneest nëmme 5 km.

Zivillen Asaz änneren

D'Zil vun ziville ballistesche Rakéiten ass am Allgemenge keng Plaz op der Äerduewerfläch, mä d'Aussetze vun engem Satellit oder eng (kuerz) Zäit Schwéierlosegkeet, z. B. fir wëssenschaftlech Experimenter (Schwéierlosegkeit fir Minutte bis Stonnen).

Op enger ballistescher Fluchbunn kann op hirem Zenit e Satellit ausgesat ginn – dee brauch dann awer en eegenen Undriff, fir weider op déi Éischt Kosmesch Vitess acceleréieren ze kënnen.[1]

Dacks ass och virgesinn, datt d'Rakéite(stufen) an engem definéierten Zilberäich nees op de Buedem falen, fir déi matgefouert Experimenter ze biergen, d'Rakéit ze recycléieren oder eng Gefor fir Leit ze éliminéieren. An der Tëschenzäit gëtt et och Rakéiten, déi bei hirer Heemrees lande kënnen.[2]

Literatur änneren

  • Steven Zaloga: V-2 Ballistic Missile 1942–52. ISBN 978-1-84176-541-9.
  • Heinz Dieter Hölsken: Die V-Waffen: Entstehung – Propaganda – Kriegseinsatz. Deutsche Verlags-Anstalt, Stuttgart 1984, ISBN 3-421-06197-1.
  • Olaf Przybilski: Spurensuche Band 10Das Geheimnis der deutschen Raketen und raketengetriebenen Fluggeräte. Podzun-Pallas Verlag, 2002, ISBN 3-7909-0763-4.
  • Gerhard Reisig: Raketenforschung in Deutschland. Wie die Menschen das All eroberten. Agentur Klaus Lenser, Münster 1997, ISBN 3-89019-500-8.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Ballistesch Rakéiten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. ESA: ballistesch Fluchbunn fir d'Ariane 5
  2. FAZ.de: Éischt Landung vun enger Rakéit nom Asaz op enger Schwammplattform (éischt Stuf vun enger Falcon 9 vun der Firma SpaceX).