Tholin (ofgeleet vum griichesche Wuert θολός fir schlammeg oder onkloer) bezeechent déi organesch Moleküllen, déi als Virleefer fir d'Bausteng vum Liewen gëllen. Obschonn den typesche Spektrum vun de Verbindunge bekannt ass, ass hire geneeën Opbau nach onkloer.

Bildung vun Tholinen an der ieweschter Atmosphär vum Mound Titan.

Duerch d'Spektralanalysen vu friemen Himmelskierper gëtt ugeholl, datt Tholin en Heteropolymer ass, deen duerch ultraviolett Stralung aus einfachen organesche Substanze wéi Methan oder Ethan gebilt gëtt. D'Substanz huet eng roudelzeg-brong Faarf, déi sech awer däitlech vun Eisenoxid ënnerscheet.

Den Astronom Carl Sagan hat an der Atmosphär vum Saturnmound Titan eng Substanz entdeckt, déi hien als roudelzegen organesche Bestanddeel vu Planéitenuewerfläche beschriwwen hat. Spéider gouf och op Koméiten Tholin nogewisen, awer net op der Äerd.

Eng Rei vu Bakteerie sinn an der Lag, Tholinen als Kuelestoffquell auszenotzen. Dofir gëtt ugeholl, datt s'an der Fréigeschicht vun der Äerd eng Roll bei der Genesis am Stoffwiessel vun den éischte Mikroorganismen gespillt hunn.

Baussenzeg vun eisem Sonnesystem gouf de Stoff am Joer 2007 an der Stëbsscheif ëm de Stär HR 4796A (220 Liichtjoer vun der Äerd ewech) fir d'éischt nogewisen.[1][2]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. „Planeten-Urmaterial könnte bereits Bausteine für Leben enthalten“, Spiegel Online, 5. Januar 2008.
  2. „Starterkit für Leben“, Bild der Wissenschaft, 7. Januar 2008.