Thierry Mousset
Den Thierry Mousset, gebuer 1992 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur, Theaterregisseur an Dramaturg.[1],[2]
Thierry Mousset | |
---|---|
Gebuer | 1992 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vu Cambridge, Institut d'études politiques de Paris, Universitéit vu Kalifornien |
Aktivitéit | Filmregisseur, Theaterregisseur, Dramaturg |
Hien huet Literatur op der Universitéit Cambridge studéiert a Sciences Politiques vum Noen Osten op der SciencesPo Paris. 2021 krut hien e Fulbright Scholarship fir op der University of California, Berkeley ze fuerschen.[3],[4]
Seng Inzenéierungen goufen ë. a. am Grand théâtre de la ville de Luxembourg, Deutsches Theater Berlin a Landestheater St. Pölten gewisen.[5]
Als Dramaturg fir den Thorsten Lensing gouf hien 2019 op d'Berliner Theatertreffen agelueden[6],[7].
Am Film an Theater huet hien ë. a. mam Devid Striesow, Marie Jung, Andreas Lust, Meike Droste, Eugénie Anselin, André Jung, Sam Louwyck, Kristof van Boven an Ursina Lardi zesummegeschafft[8],[9],[10],[11].
2023 war hie fir e Lëtzebuerger Theater-an Danzpräis nominéiert[12].
Den Thierry Mousset ass den Enkel vum Alfred Mousset.
Referenzen
änneren- ↑ "Ein redseliges Schweigespiel." volksfreund.de, 19.01.2020.
- ↑ "Les nommés du Lëtzebuerger Filmpräis 2023 révélés: célébration de l'excellence dans l'industrie cinématographique luxembourgeoise". gouvernement.lu, 12.10.2023.
- ↑ "Artistes entre Luxembourg et Berlin: Le metteur en scène Thierry Mousset dit qu’il 'tombe amoureux d’un projet'." tageblatt.lu, 31.10.2024.
- ↑ "Ein Luxemburger Theatermensch geht nach Cambridge." tageblatt.lu, 13.04.2027.
- ↑ "'Weil es einfach Spass macht': Thierry Mousset weiss, was ein guter Theaterabend braucht." aargauerzeitung.ch, 30.03.2023.
- ↑ "Unendlicher Spaß von David Foster Wallace." berlinerfestspiele.de, mee 2019.
- ↑ "Theatertreffen 2019“ kulturstiftung-des-bundes.de, 2019.
- ↑ "Francis Bacon talks to Francis Bacon." nationalmusee.lu, Okt. 2024.
- ↑ "Über Verdauung, Macht, und abgeschleckte Porträts: Devid Striesow liest Elias Canetti." tageblatt.lu, 12.12.2022.
- ↑ Thierry Mousset. salzburgerfestspiele.at, juli 2022.
- ↑ Eugénie Anselin. hildestark.com.
- ↑ "Theater-, Danz- & Kanner- a Jugendtheaterpräisser 2023." gouvernement.lu, 12.07.2023.