Den Alfred Mousset, gebuer de 5. Dezember 1920 zu Esch-Uelzecht, gestuerwen de 5. Juli 2005 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergesche Privatbeamten an Entomolog, deen zu Bartreng gewunnt huet.

Alfred Mousset
Gebuer 5. Dezember 1920
Gestuerwen 5. Juli 2005
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zoolog
Alfred Mousset (1920-2005)

Hien huet iwwer bal 70 Joer eng wëssenschaftlech Sammlung vu Kiewerleken (Coleoptera) vu Lëtzebuerg zesummegestallt. Dës Sammlung gouf no sengem Doud, den 19. Mäerz 2007, bei enger Feier zu sengen Éieren, dem Naturmusée vun der Famill als Geschenk iwwerreecht.

Zesumme mat der Kiewerleks-Sammlung vum Victor Ferrant ass dës Sammlung d'Basis vun der moderner Koleopterefuerschung zu Lëtzebuerg.

Vun 1975 bis 1987 war hie Comitésmember, vun 1980 bis 1984 Vizepresident vun der Société des naturalistes luxembourgeois.

Den Alfred Mousset war bestuet a Papp vun dräi Kanner.

Publikatiounen änneren

  • Mousset, A., 1969. Les Coléoptères du Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 70 (1965): 139-174. [1]
  • Mousset, A., 1973. Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg: Coleoptera, cartes 1 à 226. Publication du Musée d'histoire naturelle et de l'Administration des eaux et forêts, Luxembourg.
  • Mousset, A., 1976. Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg: Coleoptera, fascicule 3, cartes 446 à 526. Publication du Musée d'histoire naturelle et de l'Administration des eaux et forêts, Luxembourg.
  • Mousset, A., 1979 Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg: Coleoptera, fascicule 4, cartes 527 à 621. Publication du Musée d'histoire naturelle et de l'Administration des eaux et forêts, Luxembourg.
  • Mousset, A., 1981. Les Coléoptères de la sablière de Remerschen-Wintrange. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 83-84 (1978): 53-70.[2]
  • Mousset, A., 1981. Nova Coleopterologica. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 83-84 (1978): 71-73.[3]
  • Mousset, A., 1984. Atlas provisoire des Insectes du Grand-Duché de Luxembourg: Coleoptera, fascicule 5, cartes 622 à 846. Publication du Musée d'histoire naturelle, Luxembourg.

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. État civil, Bartreng; cf. Massard 2015, S. 232.

Kuckt och änneren