Theophilus (Moundkrater)

De Moundkrater Theophilus ass eng kreesfërmeg Muld am Buedem vum Äerdmound no bei der visueller Moundmëtt. Hien huet – wéi vill sougenannt Rankbierger –en héije rankfërmege Kraterrand an an der Mëtt eng Grupp vun Zentralbierger. Genannt ass de Krater nom Theophilus vun Alexandria.

Theophilus (Moundkrater)
Foto, opgeholl vun Apollo 16.
Eegenschaften
Breet -11,48° S
Längt 26,25° O
Duerchmiesser 98,59 km
Déift 3,2 km
Selenographesch Längt 333° bei Sonnenopgank
Genannt nom Theophilus vun Alexandria
Krut säin Numm am Joer 1935

Säin Duerchmiesser ass 105 Kilometer, seng Ramplihéicht iwwer sechs Kilometer. Wéinst senger Form gouf fréier ugeholl, datt et ee Vulkan wier, mä bal all d'Moundkratere sinn duerch Aschlei vu Meteoritten entstanen. Den Asteroid, deen dësen Aschlag an d'Rankbierger produzéiert hat, war ongeféier fënnef Kilometer grouss.

De bannenzege Rampli huet Terrassen, wat hien zu engem schéine Moundobjet mécht.

Nieft dem Theophilus läit de Sinus Asperitatis.

Niewekrateren änneren

Theophilus Breetegrad Längtegrad Duerchmiesser
B -10,6° S 25,21° O 8,2 km
E -6,89° S 23,96° O 22,25 km
F -8,03° S 25,96° O 12,22 km
G -7,23° S 25,76° O 19,2 km
K -12,61° S 26,29° O 6,74 km
W -7,82° S 28,59° O 3,59 km

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren