D'Thérèse Gorza, genannt Tréis Gorza,[1] gebuer de 5. Mee 1953,[2] war d'Tresorière vun Déi Lénk.

Thérèse Gorza
Gebuer 5. Mee 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

Biographie änneren

D'Thérèse Gorza huet eng Lizenz a Journalismus a Kommunikatiounswëssenschafte gemaach an ass eng pensionéiert Beamtin vum Centre commun de la Sécurité sociale.[3]

Nieft hirer fréierer Positioun als Trésorière a Member vun der nationaler Koordinatioun bei deene Lénke war si Presidentin vun der Associatioun Crêche pour les enfants du personnel de la sécurité sociale an ass Comitésmember vum CID-Femmes.

Si wunnt zu Fenténg.[4]

Referenzen änneren

  1. Raymond Klein an Woxx: Congrès Déi Lénk - Le Petit Soir (27. Abrëll 2012, gekuckt de 17. Juli 2012)
  2. cnfl.lu: Presentatioun vum Thérèse Gorza als Kandidatin bei de Chamber- an Europawale 2004 (gekuckt de 17. Juli 2012)
  3. Paperjam (online): Justin Turpel confirmé pour les Européennes (24. Mäerz 2014)
  4. dei-lenk.lu: Presentatioun vum Thérèse Gorza (gekuckt de 17. Juli 2012)