Den Escher Theater, offiziell Théâtre municipal de la Ville d'Esch-sur-Alzette, ass en Theatergebai, dat de 26. Mee 1962 zu Esch-Uelzecht op der Brillplaz, Eck Uelzechtstrooss, vun der d'Grande-duchesse Charlotte ageweit gouf. Den Architekt war de Robert Van Hulle[1].

Escher Theater
Den Escher Theater (2008).
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-UelzechtUelzechtstrooss/
Brillplaz
Koordinaten 05° 58’ ’’ E 49° 29’ ’’ N
Architekt(en) Robert Van Hulle
Datum vum Bau 1960-1962
Proprietär Gemeng Esch-Uelzecht

Et gouf op der Plaz vum Kino Nouveautés Palace, deen 1911 opgeriicht gi war, gebaut; de Kino ass, ënner Protester, ofgerappt ginn. De Réibau gouf vun der Firma Crolla gebaut. D'Straussfeier war de 24. Mee 1960.[2] De Bauprojet huet deemools stolzer 35 Millioune Frang (zirka 875.000 Euro) kascht.

Den Escher Theater gëtt vun der Gemeng Esch bedriwwen. En huet keen eegenen Ensembel, mä et gëtt hei all Joer eng ganz Rëtsch Gaaschtoptrëtter, sief et vun Theater-, Danz- oder Musekensembelen, Eegen- a Koproduktiounen. Eng 35.000-40.000 Visiteure kommen all Joer. D'Gebai besteet aus dem grousse Sall mat 517 Plazen, engem méi klenge mat ronn 100 Plazen an dem Café Ubu, wou och eng kleng Bün ass. Am Foyer, op deene verschiddene Stäck, gëtt et reegelméisseg Konschtausstellungen, an och de Keller, Dada-Cave gëtt als Konschtgalerie benotzt.

1996-1997 gouf deen Deel vum Theater, deen dem Publikum zougänglech ass, renovéiert: den Theater krut nei Sëtzer, an de Foyer, d'Trapen, d'Bar an d'Sanitärinstallatioune goufe frëschgemaach.

Vun 2008 bis Enn 2010 goufen, fir 16 Milliounen Euro, d'Bün, d'Proufraim, d'Garderoben an déi technesch Installatiounen (Luucht, Toun) moderniséiert. Wärend der Moderniséirung ass den Theaterbetrib an engem groussen Zelt weidergaangen, dat op der Place de l'Exposition zu Lalleng opgestallt gi war.[3]

De 26. Mee 2012 goufen déi 50 Joer vum Theater Esch mat enger Nuit de la Culture gefeiert, woubäi alleguer d'Kulturariichtunge vun Esch mat engem Gratis-Programm matgemaach hunn.[4]

Direkteren änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Théâtre Esch-Alzette", in: Journées du patrimoine 2015 (Broschür), S.6.
  2. Ed. Maroldt: Mythos Esch, S. 116 + 126
  3. Josée Hansen: "Rénovation du théâtre d'Esch: La fin des poulies qui grincent." In: d'Lëtzebuerger Land Nummer 37/11. September 2009, S. 19.
  4. Wort.lu: Escher Theater feiert am Samstag runden Geburtstag Gearchiveerd op 2016-09-22. Gekuckt de(n) 2012-05-25.
  5. "Carole Lorang gëtt nei Directrice vum Escher Theater." rtl.lu, 02.01.2018, 11:45:15.