Dëse Geographiesartikel iwwer d'Schwäiz ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Täsch ass e klengt Duerf am Matter Dall. Nieft Täsch läit Randa an an der anerer Richtung Zermatt. All d'Zermatt-Touristen kennen dat Duerf well si hei hiren Auto musse stoe loosse fir mat der Zuch-Navette oder engem Taxi an dat autofräit Matterhornduerf ze fueren.

Photo vun Täsch
Täsch
Land: CHECHE Schwäiz
Kanton: Valais
Distrikt: Visp
Sprooch: Däitsch
Héicht: 1.449 m
Fläch: 58,71 km²
Awunner: 881 (2005)
Geographesch
Koordinaten
:
46° 04’ 06’’ N
      07° 46’ 44’’ O

Täsch ass den Ausgangspunkt fir d'Besteigung vum Täschhorn.

Donieft gëtt et zu Täsch eng ganz Rei Wanderweeër an och en ausgebautent Laanglafski-Netz. Zu Zermatt selwer ass kee Laanglaf, soudatt Täsch hei Zoulaf huet.

Infrastruktur änneren

Täsch ass e richtegt Biergduerf wou am Laf vun der Tourismusentwécklung eng ganz Rëtsch Hotellen a Vakanzewunnenge gebaut goufen. Well de Loyer do méi bëlleg ass, wunnen eng ganz Rei Zermatttouristen zu Täsch a pendelen all Dag an d'Matterhorn-Duerf. Zanter dem Wanter 2006-2007 gëtt et en integréierte Schipass, an deem de Pendel-Service Zermatt-Täsch integréiert ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Täsch – Biller, Videoen oder Audiodateien