RKK Energija (russesch: Ракетно-космическая корпорация <<Энергия» имени С.П.Королёва>> – Raketno-Kosmitscheskaja Korporazija Energija imeni S.P. Koroljowa; englesch: S.P. Korolev Rocket and Space Corporation Energia) ass de gréisste russesche Raumfaartkonzern.

De Servicemodul vun der ISS, Swesda, an der Fabrikatioun bei RKK Energija

Geschicht änneren

D'Firma gouf am Joer 1946 gegrënnt. Si huet den Numm vum fréiere Chefkonstrukter Sergei Pawlowitsch Koroljow a gouf 1994 deelweis privatiséiert. Am Joer 2007 huet Roskosmos d'Firma iwwerholl an domat och nees de russesche Staat.[1] D'Firma beschäftegt 2014 ronn 25.000 Leit.

De Firmesëtz ass zu Koroljow nërdlech vu Moskau.

Zanter der Grënnung goufe verschidde Bezeechnunge fir dës Ariichtung gebraucht:

An der iwwer 60-järeger Geschicht hat d'Ariichtung nëmme sechs verschidden Direkteren:

Entwécklungen a Projeten änneren

Den RKK Energija huet vill sowjetesch respektiv russesch Drosystemer a Raumgefierer entwéckelt a produzéiert:

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. FliegerRevue Juni 2010, S. 54–59, Russlands neues Raumschiff