De Surveyor 6 war déi sechst Moundsond vun der US-amerikanescher Raumfaartagentur NASA am Kader vum Surveyor-Programm. De Surveyor-Programm war den Nofollger vum Ranger-Programm. D'Resultater vum Programm sollten déi éischt bemannt Moundlandung virbereeden. De Surveyor 6 sollt onbeschiedegt um Äerdmound landen a vun do Biller an Donnéeë op d'Äerd iwwermëttelen. Si war wéi d'Surveyor 5 mat engem Alphapartikel-Röntgenspektrometer a mat méi Instrumenter ausgerëscht. Si hat z. B. e Magnéit, fir ze kucken, ob d'Moundgestengs magnéitesch reagéiert. De Surveyor 6 war déi véiert US-amerikanesch Sond, déi mëll um Äerdmound gelant war an Donéeë a Biller op d'Äerd geschéckt hat.

Surveyor 5
De Surveyor 6 op der Äerd
Typ Moundsond
Land USA
Agentur NASA
Missiounszil Virbereedung fir bemannt Moundlandungen
Start 7. November 1967, 07:39 UTC
Startplaz CCAFS LC-36
Drorakéit Atlas-Centaur AC-10/290D
Enn vun der Missioun 14. Dezember 1967

Missioun änneren

 
Auswierkunge vum Ofgasstral op d'Mounduewerfläch

De Surveyor 6 war de 7. November 1967 u Bord vun enger Atlas-Centaur-Rakéit vun der Startramp LC-36 vun der Cape Canaveral Air Force Station gestart.

Den 8. November war eng Kursännerung reiwungslos verlaf, an d'Sond war den 10. November am Sinus Medii, nëmme 5 Kilometer vun der geplangtener Plaz gelant. D'Sond hat bis de 17. November 14.500 Biller vun der Mounduewerfläch iwwermëttelt. Eppes méi spéit goufen d'Vernier-Dreifwierker fir 2,5 Sekonnen gestart. De Surveyor 6 krut doduerch eng Héicht vun ongeféier 4 Meter a war dann 2,4 Meter westlech nees gelant. Dëse „Spronk“ hat den éischte Start vun der Mounduewerfläch duergestallt. Duerch dëse Manöver sollten Ënnersich iwwer déi primär Landeplaz an d'Reaktioun vun der Mounduewerfläch op Dreifwierkszündungen erméiglecht ginn. Zousäzlech hat d'Verrécklung vun der Kamerapositioun fir d'éischt stereoskopesch Fotoe vun der Uewerfläch erlaabt. Den agesate Spektrometer hat änlech Resultater wéi bei Surveyor 5 erginn.

De 14. November hat d'Sond un der Uewerfläch eng Temperatur vu +120 °C gemooss. Dat war déi bis elo héchst gemoossen Temperatur op der Mounduewerfläch. Déi lescht Donnéeë goufen de 14. Dezember ëm 19:14 Auer UTC iwwermëttelt. Am Ganzen hat d'Sond 29.952 Biller an ongeféier 20 Stonnen Donnéeë vum Spektrometer op d'Äerd geschéckt.

D'Missioun war en Erfolleg.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Surveyor-Programm – Biller, Videoen oder Audiodateien