Stadtschreiber von Bergen
De Stadschreiwer vu Bergen-Enkheim ass e wichtegen däitsche Literaturpräis, deen zanter 1974 vun der fréierer Stad Bergen-Enkheim (haut e Staddeel vu Frankfurt am Main) an der Kulturgesellschaft Bergen-Enkheim vergi gëtt. Et ass den eenzege Literaturpräis vu Frankfurt am Main.
De Stadschreiwer-Präis gouf vum Franz-Joseph Schneider, Bierger vu Bergen-Enkheim an Auteur vun der Gruppe 47, gegrënnt. Domat war deen éischte vun enger ganzer Rei Stadschreiwerpräisser an d'Liewe geruff (duerno koumen z. B. nach Mainz an Dresden). Dëse Literaturpräis ass fir sech geholl awer eenzegaarteg bliwwen, well dem ausgezeechente Schrëftsteller keng Verflichtungen operluecht ginn. E kritt e Geldpräis vu 15.500 Euro (2005) an däerf e ganzt Joer laang gratis am Stadschreiwerhaus zu Bergen-Enkheim "An der Oberpforte" wunnen. Iwwer d'Iwwerreechung vum Präis decidéiert all Joer eng Jury vun néng Leit.
Mä nach eppes Aneschtes ass eemoleg: All Joer Enn August/Ufank September gëtt de Präis am Kader vum Volleksfest "Berger Markt" iwwerreecht. Iwwerreechung a Festried geschéien am grousse Béierzelt virun Honnerte vu Visiteuren.
Präisdréier
ännerenD'Präisdréier a Festriedner (a Klameren):
- 2019/20: Anja Kampmann (Hanns Zischler)
- 2018/19: Clemens Meyer (Jens Bisky)[1]
- 2017/18: Thomas Melle (Ahmad Mansour)
- 2016/17: Sherko Fatah (Valentin Groebner)
- 2015/16: Ruth Schweikert (Heinz Bude)
- 2014/15: Dea Loher (Willi Winkler)
- 2013/14: Angelika Klüssendorf (Jean Ziegler)
- 2012/13: Marcel Beyer (Marianne Leuzinger-Bohleber)
- 2011/12: Thomas Lehr (Katja Lange-Müller)
- 2010/11: Thomas Rosenlöcher (Robert Misik)
- 2009/10: Ulrich Peltzer (Heribert Prantl)
- 2008/09: Friedrich Christian Delius (Juli Zeh)
- 2007/08: Reinhard Jirgl (Wilfried F. Schoeller)
- 2006/07: Ingomar von Kieseritzky (Michael Krüger)
- 2005/06: Katharina Hacker (Ulrich Beck)
- 2004/05: Peter Weber (Galsan Tschinag)
- 2003/04: Emine Sevgi Özdamar (Roger Willemsen)
- 2002/03: Uwe Timm (Mathias Greffrath)
- 2001/02: Wolfgang Hilbig (Friedrich Dieckmann)
- 2000/01: Peter Kurzeck (Ludwig Harig)
- 1999/2000: Wulf Kirsten (Heiner Geißler)
- 1998/99: Arnold Stadler (Eva Demski)
- 1997/98: Jörg Steiner (Lothar Baier)
- 1996/97: Wilhelm Genazino (György Dalos)
- 1995/96: Herta Müller (Jens Reich)
- 1994/95: Josef Winkler (Georges-Arthur Goldschmidt)
- 1993/94: Paul Nizon (Erhard Eppler)
- 1992/93: Ralf Rothmann (Hildegard Hamm-Brücher)
- 1991/92: Robert Gernhardt (Peter Bichsel)
- 1990/91: Heinz Czechowski (Iring Fetscher)
- 1989/90: Katja Lange-Müller (Günter Kunert)
- 1988/89: Eva Demski (Daniel Cohn-Bendit)
- 1987/88: Ulla Hahn (Hermann Burger)
- 1986/87: Gerhard Köpf (Erich Fried)
- 1985/86: Ludwig Fels (Peter Härtling)
- 1984/85: Friederike Roth (Axel Eggebrecht)
- 1983/84: Günter Kunert (Heinrich Albertz)
- 1982/83: Jurek Becker (Adolf Muschg)
- 1981/82: Peter Bichsel (Max Frisch)
- 1980/81: Dieter Kühn (Peter Rühmkorf)
- 1979/80: Helga M. Novak (Dieter Lattmann)
- 1978/79: Nicolas Born (Martin Walser)
- 1977/78: Peter Härtling (Alfred Grosser)
- 1976/77: Peter Rühmkorf (Walter Jens)
- 1975/76: Karl Krolow (Günter Grass)
- 1974/75: Wolfgang Koeppen (Marcel Reich-Ranicki)
Literatur
änneren- Wolfgang Mistereck/Adrienne Schneider (Hrsg.): Zeltreden. Reden zur Verleihung des Literaturpreises "Stadtschreiber von Bergen" 1974-1998".1998, Wallstein, Göttingen.