Wolfgang Hilbig
däitsche Schrëftsteller
De Wolfgang Hilbig, gebuer den 31. August 1941 zu Meuselwitz bei Leipzig, a gestuerwen den 2. Juni 2007 zu Berlin, war ee vun de grousse Schrëftsteller vun der däitschen Nokrichsliteratur.
Wolfgang Hilbig | |
---|---|
Gebuer |
31. August 1941 Meuselwitz |
Gestuerwen |
2. Juni 2007 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Romancier |
Partei | Sozialistische Einheitspartei Deutschlands |
Member vun | Sächsische Akademie der Künste, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste |
Famill | |
Bestuet mat | Natascha Wodin |
Säi Liewen
ännerenAn der éischter Hallschent vu sengem Liewen huet den Hilbig ënner anerem als Schlässer an Heizer an der DDR geschafft. 1981 gouf d'Amt Kultur beim Zentralkomitee vun der SED op en opmierksam, dat seng Schrëftstellerei ënner Beobachtung gestallt huet. 1985 krut den Hilbig d'Erlabnes, fir ee Joer an d'Bundesrepublik Däitschland ze reesen. Mä nodeem datt säi Visa ofgelaf war ass en net zeréck an d'DDR gaangen a lieft zanterhier zu Nürnberg.
De Wolfgang Hilbig ass u Kriibs gestuerwen.
Seng Wierker
änneren- Die Abwesenheit (Lyrikband, 1979)
- Unterm Neomond (Erzielungen, 1982)
- Alte Abdeckerei (Erzielung, 1991)
- Grünes grünes Grab (Erzielungen, 1993)
- Ich (Roman, 1993)
- Die Arbeit an den Öfen (Erzielungen, 1994)
- Das Provisorium (Roman, 2000)
- Der Schlaf der Gerechten (Erzielungen, 2003)