Adolf Muschg

Schwäizer Schrëftsteller

Den Adolf Muschg, gebuer den 13. Mee 1934 zu Zollikon am Kanton Zürich, ass e Schwäizer Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler. Hie gëllt als ee vun de grousse Schrëftsteller vun der däitscher Géigewaartsliteratur.

Adolf Muschg
Gebuertsnumm Friedrich Adolf Muschg
Gebuer 13. Mee 1934
Zollikon
Nationalitéit Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Cambridge,
Universitéit Zürich
Aktivitéit Schrëftsteller, Literaturkritiker, Dichter, Lycéesprofesser, Prosaist, Literaturwëssenschaftler
Partei SPS
Member vun Akademie der Künste Berlin, Akademie der Wissenschaften und der Literatur, Deutsche Akademie für Sprache und Dichtung, Bayerische Akademie der Schönen Künste
Famill
Bestuet mat Hanna Johansen, Atsuko Kanto

Säi Liewen änneren

Hien huet Germanistik, Anglistik a Philosophie zu Zürich an zu Cambridge studéiert an iwwer den Ernst Barlach promovéiert.

Vun 1959 bis 1962 hat en zu Zürich eng Plaz als Lycéesprofesser, duerno koume verschidde Plazen op Héichschoulen, ënner anerem an Däitschland op der Universitéit Göttingen, a Japan an an den USA.

1970 gouf e Professer fir däitsch Sprooch a Literatur un der Eidgenëssescher Technescher Héichschoul Zürich.

1974 krut e fir "Albissers Grund" den Hermann-Hesse-Präis.

Zanter 1976 ass e Member vun der Akademie vun de Kënschten zu Berlin, donieft ass en och nach Member vun der Akademie vun de Wëssenschaften an der Literatur zu Mainz an der Däitscher Akademie fir Sprooch an Dichtung zu Darmstadt.

2003 gouf en zum President vun der Akademie vun de Kënschten zu Berlin gewielt.

Den Adolf Musch lieft an der Schwäiz, zu Zollikon bei Zürich.

Wierker änneren

  • 1965: Im Sommer des Hasen; ISBN 3518367633
  • 1967: Gegenzauber
  • 1968: Fremdkörper
  • 1968: Rumpelstilz. Ein kleinbürgerliches Trauerspiel
  • 1969: Mitgespielt
  • 1971: Die Aufgeregten von Goethe. Ein politisches Drama
  • 1975: Albissers Grund, Kriminalroman
  • 1976: Entfernte Bekannte
  • 1976: Kellers Abend. Ein Stück aus dem 19. Jahrhundert
  • 1982: Leib und Leben
  • 1984: Das Licht und der Schlüssel. Erziehungsroman eines Vampirs, Roman
  • 1986: Goethe als Emigrant
  • 1987: Der Turmhahn und andere Lebensgeschichten
  • 1993: Der Rote Ritter. Eine Geschichte von Parzival
  • 1994: Herr, was fehlt euch? Zusprüche und Nachreden aus dem Sprechzimmer eines heiligen Grals
  • 1995: Nur ausziehen wollte sie sich nicht
  • 1995: Die Insel, die Kolumbus nicht gefunden hat. Sieben Gesichter Japans
  • 2001: Sutters Glück
  • 2002: Das gefangene Lächeln. Eine Erzählung; ISBN 3518413511
  • 2003: Gehen kann ich allein und andere Liebesgeschichten; ISBN 3518414623
  • 2004: Der Schein trügt nicht. Ueber Goethe; ISBN 3458172017
  • 2005: Eikan, du bist spät; ISBN 3518416693

Schrëften änneren

  • 1977: Gottfried Keller (Biographie)
  • 1997: Wenn Auschwitz in der Schweiz liegt

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren