Den Daarm (lat. intestinum; gr.: ἔντερον enteron), och Gedäerms genannt, ass de wichtegsten Deel vum Verdauungstrakt vu villen Déieren a vum Mënsch. Et ass e Schlauch aus Muskelen, dee sech duerch de Bauch vum Kierper schlängelt a vum Enn vum Mo bis an den Anus geet. Seng Haaptaufgab ass d'Verdaue vun der Narung. E spillt donieft eng wichteg Roll beim Ofwiere vu Krankheetserreeger an der Opnam an dem Ofgi vu Waasser.

Am mënschleche Kierper:
1 = Mo
2 = Dënndaarm
3 = Deel vum Déckdaarm, deen erofgeet
4 = Deel vum Déckdaarm, deen eropgeet
5 = Appendix
6 = Aarschdaarm
7 = Anus

Struktur änneren

Den Daarm besteet aus zwéi groussen Deeler: dem Dënndaarm an dem Déckdaarm.

D'Bannewand vum Daarm ass mat enger Schläimhaut ausgekleet, iwwer déi sech de Kot a Richtung Anus beweegt. De Kot gëtt vun der Daarmmuskulatur virugedriwwen. Schlussendlech gëtt e beim Stullgank evakuéiert. Den Daarm dréit entscheedend dozou bäi, de Flëssegkeetsausgläich am Kierper ze reguléieren.

Den Dënndaarm änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Dënndaarm.
Der Dënndaarm oder Dünndarm fänkt direkt nom Mo un. Beim erwuessene Mënsch ass en zwee bis fënnef Meter laang a wënnt sech wéi eng Ziharmonika duerch de Bauch, wouduerch en eng grouss Uewerfläch kritt. Seng Aufgab ass et, d'Narung, déi virdrun duerch Spaut a Mosaaft virverdaut gouf, weider ze verdauen an doraus déi Närstoffer iwwer d'Daarmschläimhaut opzehuelen, déi fir de Kierper verwäertbar sinn. Den net-verdaute Rescht geet da weider an den Déckdaarm.

Den Déckdaarm änneren

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Déckdaarm.
Beim erwuessene Mënsch ass den Déckdaarm oder Dickdarm tëscht engem an annerhallwem Meter laang. Déi lescht 15 bis 20 Zentimeter sinn duerch e Schléisssystem aus Muskelen no baussen ofgeschloss. D'Funktioun vum Déckdaarm ass haaptsächlech, de Contenu, deen net verdaut gouf, méi déck ze maachen, andeem d'Waasser erausgezu gëtt, an dat Ganzt ze sammele bis datt et ausgescheet gëtt.

Stéierungen a Krankheeten änneren

Bei enger Konstipatioun ass d'Déckdaarmmuskulatur esou lues, datt de Contenu vum Daarm sech nëmme lues viru beweegt. Duerch de Waasserentzuch gëtt de Kot dann ëmmer méi fest an haart.

Beim Duerchfall geschitt de Géigendeel. Den Déckdaarm packt et net méi, genuch Waasser aus dem Kot opzehuelen. Dat kann doru leien, datt ze vill Flëssegkeet aus dem Dënndaarm ukënnt oder de Contenu vum Daarm ze séier duerch den Déckdaarm transportéiert gëtt. Dacks sinn Infektiounen de Grond fir den Duerchfall.

Beim Daarmkriibs sëtze béisaarteg Tumoren am Daarm. Zu Lëtzebuerg zielt den Daarmkriibs zu den dräi Kriibserkrankungen, déi am heefegsten optrieden. 2022 si geschaten 316 Persoune mat Daarmkriibs zu Lëtzebuerg erkrankt.

Quellen änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Däerm – Biller, Videoen oder Audiodateien