D'Echidna war an der griichescher Mythologie en Ongeheier mat Fraekierper, der hiren Ënnerleif an e Schlaangekierper iwwergaangen ass. D'Iwwerliwwerung nennt verschidden Elteren: de Phorkys an d'Keto, den Tartaros an d'Gaia oder de Chrysaor an d'Styx. Hire Mann war den Typhon, deem se verschidden aner Ongeheier gebuer huet, z. B. De Kerberos, d'Chimaira, d'Sphinx an den Neméiesche Léiw.

D'Echidna, déi zwar stierflech war awer net gealtert ass, huet a Kilikien oder um Peloponnes gelieft a Spazéiergänger, déi bei hirer Hiel laanscht komm sinn, ausgeraibert bis se schliisslech vum Argos Panoptes embruecht ginn ass.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.