Spaghetti sinn Deegwueren aus dem Schmull vun haardem Weess, déi e ronnen, (gekacht) ongeféier 2 mm décken Duerchmiesser hunn an ongeféier 30 cm laang sinn. Si kommen ursprénglech aus Italien. Méi dënn Spaghetti gi Spaghettini, méi décker Spaghettoni genannt.

En Teller gekachte Spaghetti
Spaghetti al pomodoro e basilico

D'Wuert Spaghetti kënnt vum Italieenesche spago 'Schnouer' → Diminutiv spaghetto 'Schnéierchen' → Plural spaghetti). Am Lëtzebuergeschen héiert een och alt "Spaghettien", wat en duebel markéierte Plural ass.

An der Kiche gi Spaghetti entweeder nëmme mat Ueleg a Gewierzer aromatiséiert, wéi bei de Spaghetti aglio e olio, oder mat enger sämeger Zooss, déi liicht pechech ass, wéi bei de Spaghetti alla napoletana zerwéiert.

Spaghetti-Platen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Spaghetti – Biller, Videoen oder Audiodateien