Spaghettimonster, dat flitt

D'Spaghettimonster, dat flitt ((en): Flying Spaghetti Monster, kuerz: FSM), ass d'Gottheet vum Physiker Bobby Henderson senger Spaassrelioun, déi hien am Joer 2005 gegrënnt huet. De Sënn dovu war, d'Pseudowëssenschaft vum Intelligent Design ad absurdum ze féieren. D'Membere bezeechne sech als "Pastafari". Nom Doud erwaart de Gleewegen, ënner anerem, e Béiervulkan an eng Stripperfabréck. D'Liewensmaxim ass "WWAPD?" ("What Would a Pirate Do?"), et ass eng Uspillung op de chrëschtleche Slogan "WWJD?" (What would Jesus do?)

Iddi a Verbreedung änneren

D'Iddi dovu war eng ëffentlech Diskussioun iwwer de Kreationismus an den USA unzereegen. Den Henderson ass der Meenung datt Relioun eng Privatsaach ass an net an d'Schoul gehéiert.

Dat Ganzt huet domat ugefaangen datt den Henderson en ëffentleche Bréif un d'Schouladministratioun vum Kansas geschéckt huet. An dësem Bréif geet et drëms datt d'"Léier" vum Spaghettimonster, dat flitt, genee wéi déi kreationistech Léier, an der Schoul geléiert soll ginn.

Zanterhier geet d'Zuel vun de Symphatisante rapid an d'Luucht. Haaptsächlech duerch d'Internet Bloggen huet sech ee weltwäite Reseau opgebaut.

Si sinn och bekannt fir hir provokativ Aktiounen, sou huet z. B. ee Blog versprach, datt deejéinegen dee beweise kéint datt Jesus net d'Kand vum Spaghettimonster dat flitt wier, géif 250 000 US-Dollar gewannen. Spéider gouf d'Präisgeld souguer op 1 Millioun US-Dollar eropgesat. Domat wollte si weisen datt et onméiglech ass sou ee Bewäis virzebréngen.

D'Situatioun zu Lëtzebuerg änneren

Zanter dem 4. August 2007 gëtt et och zu Lëtzebuerg eng Sektioun, déi sech FSM Lëtzebuerg - D'Kierch vum Fléiende Spaghettimonster nennt.

Am Mee 2015 hu Vertrieder dovu gefuerdert, vum Staat unerkannt a finanziell ënnerstëtzt ze ginn, grad sou wéi aner Reliounen och. Mat deene Sue wéilte se ee "Pastatempel" am Norden, Süden, Westen an am Oste bauen an hir Paschtéier bezuelen, déi si "Kapitänen" a "Matrousen" nennen.[1]

Et ass awer dovun auszegoen[Source?], datt dat eng Parodie ass. Zil dovu soll d'Trennung vu Kierch a Staat sinn. Si wëllen domat drop opmierksam maachen, datt d'kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg nach ëmmer e groussen Afloss huet, an datt déi staatlech Konventioune mat Reliounen net gerecht sinn.

Am Januar 2021 huet de Kultusminister Xavier Bettel d'Parlamentaresch Fro vum Marc Goergen negativ beäntwert, ob d'Adepte vum Spaghettimonster hir Nuddelmassen an engem Restaurant als Lieu de culte ofhalen dierften, well jo Lieu-de-culten no der Gesetzeslag Enn 2020 wärend der COVID-19-Pandemie weider opbleiwe konnten, wärend Gastronomiebetriber hu missen zoumaachen: Nëmme Gebailechkeeten, déi "exklusiv" als Lieu de culte funktionéiere géifen, géifen deem Krittär entspriechen.[2]

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Flying Spaghetti Monster – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Le salut éternel dans la pâte." Le Jeudi, 13 mai 2015.
  2. Schrëftlech Äntwert vum 5. Januar 2020 Här Xavier BETIEL, Kultusminister, op d'parlamentaresch Fro Nr. 3223 vum 30. November 2020 vum Deputéierte Marc GOERGEN op chd.lu.