Spacewatch ass e Projet vun der University of Arizona, deen op d'Observatioun vu Klengplanéiten (Asteroiden) a Koméite spezialiséiert ass.

Zuel vun nei entdeckten Asteroide mat verschiddene Projeten.

De Projet gouf 1980 vum Prof. Tom Gehrels an dem Dr. Robert McMillan, deen haut och Projetsleeder ass, gegrënnt.

Fir d'Observatioun benotzt de Projet en 0,9-Meter- an en 1,8-Meter-Spigelteleskop um Kitt Peak.

Duerch besser Kenntnesser iwwer Klengplanéiten am Sonnesystem erhofft ee sech méi grouss Asiichten an d'Entwécklungsgeschicht vum Sonnesystem.

Entdeckungen änneren

Zu deene vum Spacewatch-Projet entdeckten Asteroiden zielen ënner anerem déi äerdno Asteroiden 1991 VG an 1997 XF11, d'Zentauren (5145) Pholus, (7066) Nessus an (8405) Asbolus souwéi déi grouss Kuiperceintureobjeten (55637) 2002 UX25 an (20000) Varuna. Den Asteroid 719 Albert gouf vum Spacewatch zeréckfonnt, nodeem hie fir bal 90 Joer verluer war. Och de periodesche Koméit 125P/Spacewatch gouf vum Projet entdeckt.

De Spacewatch huet och en neie Mound vum Jupiter fonnt. Säin Numm ass (Callirrhoe), an e war ufanks fir en Asteroid gehale ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren