Robert McMillan

De Robert S. McMillan ass en US-amerikaneschen Astronom an Asteroidenentdecker

De Robert S. McMillan ass en US-amerikaneschen Astronom an Asteroidenentdecker[1]. Hien huet 1977 op der University of Texas at Austin promovéiert.

Robert McMillan
Gebuer 20. Joerhonnert
Pittsburgh
Nationalitéit USA
Educatioun University of Texas
Aktivitéit Astronom
Member vun International Astronomesch Unioun

De McMillan schafft op der Universitéit vun Arizona zu Tucson a leet do de Spacewatch-Projet fir d'Observatioun vun Asteroiden a Koméiten. Dobäi huet hien en ettlech Entdeckunge gemaach, ënner deene besonnesch den Asteroid (20000) Varuna ze nennen ass.

Den 19. Oktober 2008 huet hien de kuerzperiodesche Koméit 208P/McMillan entdeckt[2].

Den Asteroid (2289) McMillan gouf och no him genannt.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. Minor Planet Discoverers
  2. K. Kinoshita. Comets discovered and recovered in 2008