Caritas Lëtzebuerg
D'Caritas Lëtzebuerg ass eng lëtzebuergesch kathoulesch karitativ Organisatioun, déi 1932 gegrënnt ginn ass an en Deel vum internationalen Netzwierk Caritas Internationalis ass.
Caritas Lëtzebuerg | |
---|---|
Grënnungsdatum | 1932 |
Mataarbechter | 1.041 (2022) |
Sëtz | 29, Rue Michel-Welter, Lëtzebuerg |
President | Marie-Josée Jacobs |
Member vu(n) | Caritas Europa, Caritas Internationalis |
Geschicht
ännerenD'Caritas zu Lëtzebuerg ass de 14. Dezember 1932 als Federatioun vun de kathoulesche karitative Wierker[1] gegrënnt ginn. D'Federatioun ass op den 1. Dezember 1996 opgeléist a mat der Fondatioun Caritas ersat ginn.
Fondatioun Caritas
ännerenD'Stëftung engagéiert sech am Déngscht vun der Diakonie vun der kathoulescher Kierch, fir géint all Form vun Aarmut, soziale Mëssstänn, Krankheeten a mënschlechem Misär zu Lëtzebuerg oder am Ausland ze kämpfen.
Si kann Etablissementer, Associatiounen, Wierker oder Persounen déi en änlechen Zweck erfëllen, moralesch oder materiell ënnerstëtzen.
D'Fondatioun orientéiert sech un der chrëschtlecher Visioun vun de Mënschen, de Wäerter vum Evangelium an der sozialer Doktrinn vun der kathoulescher Kierch, mä am Kader vun hiren Aktivitéiten hëlleft d'Fondatioun alle Leit, onofhängeg vun allen ideologeschen, philosopheschen oder reliéise Consideratiounen.
D'Stëftung ka sech op nationalem an internationalem Plang mat aneren Organisatiounen déi en änlecht Zil verfollegen, zesummendinn.
Struktur
ännerenD'Fondation Caritas Luxembourg[3] këmmert sech ëm déi international Zesummenaarbecht an d'humanitär Hëllef grad ewéi ëm d'Flüchtlingshëllef zu Lëtzebuerg. Aner Aktivitéite gi vu verschiddenen Ënnerorganisatiounen assuréiert:
- Caritas accueil et solidarité a.s.b.l. [4]: Hëllef fir Leit op der Strooss (Foyer Ulysse, Éilerenger Wäschbuer)
- Caritas jeunes et familles a.s.b.l.[5]: Maison-relaisen, Crèchen
- Caritas enfants et familles a.s.b.l.[6]: Crèche vun der Assurance LaLux
Gouvernance
ännerenPresidentin vun der Fondation Caritas Luxembourg ass zënter 2013 d'Marie-Josée Jacobs.[7]
Generaldirektioun
ännerenVu(n) | Bis | Generaldirekter |
---|---|---|
1989 | 2009 | Erny Gillen[8] |
2009 | 2020 | Philippe Streff[9] |
2021 | 2024 | Marc Crochet[10] |
Finanzskandal 2024
ännerenDëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Am Juli 2024 koum e Finanzbedruch un d'Dagesliicht, bei deem bannent Méint am ganzen eng 60 Milliounen Euro op Konten am Ausland iwwerwise goufen a (ganz oder deelweis) verschwonne sinn[11].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Caritas-Affär.
An der Folleg vun dëser Affär goufen d'Aktivitéite vun der Fondatioun Caritas gestoppt. Iwwerdeems d'Hëllef fir déi, déi zu Lëtzebuerg Hëllef brauchen, vun der nei gegrënnter Asbl HUT – Hëllef um Terrain iwwerholl ginn, gëtt nach no Léisunge gesicht(Stand: 2. Oktober 2024), wéi d'Projete vun der internationaler humanitärer Hëllef kënne virugefouert ginn[12].
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Caritas in Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- www.caritas.lu
- www.cjf.lu (Caritas jeunes et familles)
- Elisabeth Werner, La Caritas luxembourgeoise au fil de son histoire, Confédération Caritas Luxembourg, Juni 2007, ISBN 978-2-919974-03-0
Referenzen
änneren- ↑ (fr) Fédération luxembourgeoise d'œuvres catholiques de charité, gekierzt Fédération Caritas asbl / (de) Katholischer Luxemburger Caritasverband; RCS F7290
- ↑ Artikel 2 vun de Statuten, gekuckt op lbr.lu den 2. OKtobver 2024
- ↑ ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr G38
- ↑ ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F578
- ↑ ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F4414
- ↑ ageschriwwen am Handelsregëster ënnert der Nr F8911
- ↑ wort.lu: Marie-Josée Jacobs prend la tête de Caritas Luxembourg (13. Dezember 2013)
- ↑ (fr)Erny Gillen | Paperjam + Delano Business Guide. en.paperjam.lu. Gekuckt de(n) 02.10.2024.
- ↑ (en)Philippe Streff. linkedin.com. Gekuckt de(n) 02.10.2024.
- ↑ (fr)Marc Crochet | Paperjam + Delano Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 02.10.2024.
- ↑ Caritas um mehrere Millionen bestohlen, 19. Juli 2024, Reporter.lu
- ↑ (lb)Caritas-Affär: De Staat gëtt der Caritas e Kredit, fir hir Aktivitéite kënnen ofzewéckelen. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 02.10.2024.