South Dakota
South Dakota | |||||
| |||||
Spëtznumm: The Mount Rushmore State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Pierre | ||||
Gréisst Stad: | Sioux Falls | ||||
Gouverneur: | Kristi Noem | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 17. Plaz 199,729 km² 1,7 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 46. Plaz 886.667 (2020)[1] 4,52/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 2. November 1889 (40ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-7/-6/-5 |
De South Dakota ass e Bundesstaat an de Great Plains an am Mëttlere Weste vun den USA.
Geographie
ännerenDe South Dakota grenzt am Norden un den North Dakota, am Süden un den Nebraska, am Osten un den Iowa an un de Minnesota an am Westen un de Wyoming an de Montana. Den héchste Punkt ass den Harney Peak mat enger Héicht vun 2.207 Meter. Den déifste Punkt läit op 294 m um Ufer vum Big Stone Lake. De gréissten a längste Floss ass de Missouri River, deen de Staat an eng geographesch a gesellschaftlech ënnerschiddlech ëstlech a westlech Hallschent deelt.
Bevëlkerung
änneren2015 gouf geschat, datt iwwer 858.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 85,5 % als wäiss Amerikaner, 8,9 % als Indianer, 3,6 % als Hispanic/Latino, 1,8 % als Afroamerikaner, 1,4 % als asiatesch identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
ännerenObwuel d'Landwirtschaft am South Dakota traditionell eng wichteg Roll spillt, sinn d'Déngschtleeschtungen haut de gréisste wirtschaftleche Secteur am Land. Dorënner falen ënner anerem den Eenzelhandel, d'Finanzen an d'Gesondheetszerwisser. Och den Tourismus ass e wichtege Secteur.
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 50.338 US-Dollar pro Stot a 26.311 USD op de Kapp[1].
Biller
änneren-
Kaart vum South Dakota
-
Den Nationalpark vun de Badlands
-
De Big Stone Lake
-
Eng Ethanolfabréck
-
De State Capitol, Regierungssëtz
-
Mat ronn 160.000 Awunner ass Sioux Falls déi gréisst Stad
Um Spaweck
ännerenCommons: South Dakota – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: South Dakota